Hannergrond vun der Aktioun ass eng enkt Zesummenaarbecht mat den italieenesche Justiz- a Policeautoritéiten. Déi Persounen, déi festgeholl gi sinn, solle Verbindungen zu der Organisatioun 'Ndrangheta hunn, enger vun den eelsten a geféierlechste mafiéisen Organisatioune vun Italien, déi besonnesch am Drogegeschäft aktiv ass an och a ville Länner ausserhalb vun Italien operéiert.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Däitschland: 34 Festname bei Razziae géint d'Mafia
Verbindungen zur 'Ndrangheta
Däitschland: 34 Festname bei Razziae géint d'Mafia
Bei enger grouss ugeluechter Aktioun géint d’Mafia an déi organiséiert Kriminalitéit an Italien an an Däitschland sinn et 34 Festname ginn. D’Razziaen hu sech an Däitschland haaptsächlech op d’Regioun Stuttgart konzentréiert. Awer och an Nordrhein-Westfalen, Rheinland-Pfalz an am Saarland lafen Enquêten.
auto_stories
1 min

Police Däitschland (Foto: picture alliance/dpa | Focke Strangmann)