Dëst soll schrëttweis an 3 Phasen ofgewéckelt ginn, dat huet déi zweetgréisst däitsch Gewerkschaft Verdi matgedeelt. Insgesamt sinn an Däitschland iwwer 3 Milliounen Aarbechter a Pensionnairë vun dëser Salaireserhéijung concernéiert.
arrow_back_ios
Noriichten
Däitschland
|Däitschland: 5,8 Prozent méi Salaire fir Mataarbechter am ëffentlechen Déngscht
An Däitschland gëtt et een Duerchbroch an den Tarifverhandlungen am ëffentlechen Déngscht. Gewerkschaften a Patronat hätten sech op een Accord gëeenegt. Deemno solle Mataarbechter an der Fonction publique, dorënner Enseignanten, Fleegepersonal a Polizisten am ganze 5,8 Prozent méi Salaire kréien.
Verdi-Protestpiquet vun ëffentlechen Déngscht an Nordrhein-Westfalen (Foto: EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF)