Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes - Ag

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland, Lëtzebuerg a Belsch déi beléiftste Länner fir Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten

Studium

Däitschland, Lëtzebuerg a Belsch déi beléiftste Länner fir Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten

Dat beléiftste Land fir Lëtzebuerger Uni-Studenten a Studentinne bleift Däitschland, duerno kënnt Lëtzebuerg, an dann d‘Belsch. Dat geet aus den Zuelen iwwert dat lescht Studiejoer ervir, déi de Héichschoulministère gëschter publizéiert huet.

auto_stories

1 min

Deemno waren zejoert bal 4.500 Lëtzebuerger Studenten a Studentinnen op Unien an Héichschoulen an Däitschland, ronn 4.000 waren der op der Uni zu Lëtzebuerg, an eng 3.100 an der Belsch.

Wat déi staatlech Ënnerstëtzung ugeet, huet d‘Regierung zejoer 172 Milliounen Euro fir Bourssen zur Verfügung gestallt, a nach emol 121 Millioune fir Studenteprêten.