Dëst kéint bedeiten, datt eeler "Schutzgewährungen" vum Bundesamt fir Migratioun a Flüchtlingen opgehuewe ginn, wann d’Situatioun a Syrien als stabil agestuuft gëtt.
D’SPD-Ministesch sot an däitsche Medien, datt dëst haaptsächlech Persoune betrëfft, déi net duerch Aarbecht oder Ausbildung en anert Openthaltsrecht hunn an net bereet sinn, fräiwëlleg zréckzegoen.
Zousätzlech huet d’Nancy Faeser betount, datt Stroftäter an Extremisten esou séier wéi méiglech sollen ausgewise ginn. Do dogéint solle Migranten, déi däitsch geléiert hunn an an Däitschland eng Heemescht fonnt hunn, dierfe bleiwen.