arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland féiert Tankrabatt an - Frankréich wëllt dat aktuell net maachen

Energiepräisser

|
reading time

1 min

Däitschland féiert Tankrabatt an - Frankréich wëllt dat aktuell net maachen

Déi däitsch Regierung ass sech mat Vertrieder vun de Bundeslänner driwwer eens gi fir e Spritpräisdeckel an en Tankrabatt anzeféieren. Domat sollen d‘Steieren op Bensinn an Diesel am konkreten ëm 17 Cent reduzéiert ginn. 

reading time

1 min

© EPA/ANNA SZILAGYI
(Foto: EPA/ANNA SZILAGYI)

Dat war schonn tëschent Ufank Mee an Enn Juni de Fall. Bis wéini et elo soll gëllen, ass net kloer. Déi däitsch Noriichtenagence DPA mellt, et wier bis Enn vum Joer virgesinn. D'Annonce kënnt een Dag, virun de Landtagswalen a Mecklenburg-Vorpommern a Berlin. 

Emmanuel Macron gesäit Handlungsbedarf bei de G7, net bei Frankräich

Déi franséisch Regierung wäert par contre keng finanziell Hëllef decidéieren, obschonn hei de sozialen Drock wiisst, datt de Staat de Leit hëllefe soll.

Déi héich Präisser wiere just op déi international Kricher a Konflikter zréckzeféieren, war d‘Argument vum franséische President Emmanuel Macron.

De G7 soll Léisunge fir déi héich Präisser fannen, esou nach de franséische President. Hie géif elo eng Reunioun aberuffen, wou iwwert eng Koordinéierung vun de Pëtrolsstocken, mee och iwwert eng besser Zesummenaarbecht bei Export a Produktioun soll geschwat ginn. Et wier wichteg, an deem Kontext onnéideg Spannungen tëschent de G7-Partner ze verhënneren, esou nach den Emmanuel Macron.