arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ David Gloesener: "Mir wollten an d'Finall, de Rescht ass elo Bonus"

Eurovision Song Contest

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

David Gloesener: "Mir wollten an d'Finall, de Rescht ass elo Bonus"

Lëtzebuerg huet et gëschter um Donneschdeg an d’ESC Finall gepackt. D’Laura Thorn mat sengem Lidd “La poupée monte le son” konnt sech genuch Stëmme vun den Zuschauer sécheren. Mee wéi geet et elo weider?

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow
© Sarah Louise Bennett/EBU
(Foto: Sarah Louise Bennett/EBU)

Laang waarde missten d’Sängerin a säin Team net, fir erauszefannen, ob si an der Finall muer um Samschdeg nees optriede wäerten. Dëst Joer gouf nämlech een neie System agefouert fir d’Finalisten ze annoncéieren, erkläert d’Sophie Schroeder, Journalistin vum radio 100,7.

“Bis d'lescht Joer war dat esou, dass déi einfach noeneen opgezielt goufen. An dëst Joer gëtt et een anere System. Do goufen dann ëmmer 3 Länner genannt an ee vun deene kënnt da weider. Déi aner zwee heescht dann net, datt si nach net weider sinn (...).”

Wettbüroe gesi keng Victoire fir Lëtzebuerg

Der EBU (European Brodcasting Union) no, wier dësen neie System agefouert gi fir d’Kënschtler an d’Kënschtlerinnen net ze laang op d’Folter ze spanen.

Bei der Finall um Samschdeg wäert de Gewënner oder d’Gewënnerin vun enger ausgewielter Jury decidéiert ginn, an net duerch e Vote publique.

Wann et ëm d’Prognose vun de verschiddene Wettbüroe geet,  wat eng potentiell Victoire vun der lëtzebuergescher Delegatioun beim ESC ubelaangt, do stoungen um Freideg d’Chancen elo an der Finall net méi esou gutt, seet d’Sophie Schroeder. Deene Prognosen no wier Lëtzebuerg momentan op Plaz 16, an d’Warscheinlechkeet als Gewënner um Enn dozestoe léich bei 1 Prozent.

Prouwen, Prouwen, Prouwen

An d’Finall ze komme wier awer och schonn e grousst Zil vun der lëtzebuergescher Delegatioun gewiescht, seet den David Gloesener, de Chef vun der Lëtzebuerger ESC-Delegatioun. Den Optrëtt an der Finall géif een als e flotte Bonus ugesinn, bei deem een elo nach eemol alles gi wéilt.

“A mir hunn ëmmer gesot: Mir wëllen an d'Finall kommen. Dat hu mir gepackt an de Rescht ass fir eis Bonus.”

Aus deem Grond géif een och d’Performance nach dräimol virun der Finall ganz aprouwen. Bei deene Prouwen handelt et sech ëm de ganzen Oflaf, deen een och e Samschdeg op der grousser Bün wäert gesinn.

Et kënnen och Tickete kaf ginn, fir bei de Prouwe vun de Kënschtler a Kënschtlerinnen nozekucken.

Lëtzebuerg gehéiert zu de 26 Länner, déi sech fir d’Finall vum ESC zu Basel um Samschdegowend qualifizéiert hunn. D’Laura Thorn trëtt mam Lidd “La poupée monte le son” op, e Lidd mat engem feministesche Message, dat ënner anerem och eng Hommage un d’France Gall, déi fir Lëtzebuerg 1965 den ESC zu Neapel gewonn huet.

 

play_arrow Lauschteren