Radioen

On air

Notturno  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ David Wagner: Bei neie Bauprojete missten obligatoresch 10 Prozent abordabel Wunnenge virgesi ginn

Fir méi bezuelbare Wunnraum

David Wagner: Bei neie Bauprojete missten obligatoresch 10 Prozent abordabel Wunnenge virgesi ginn

D’Gemenge misste beim Schafe vun abordabelem Wunnraum méi an d’Verantwortung gezu ginn. Där Meenung ass den David Wagner vun déi Lénk.

auto_stories

1 min

headphones

9 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Den Deputéierte reagéiert domat op déi neisten Annoncen aus dem Mesurëpak vun der Regierung, fir de Wunnengsbau unzekuerbelen, reagéiert. Déi zoustänneg Ministeren haten d’lescht Woch weider Punkten aus deem Pak presentéiert.

Ënnert anerem ass virgesinn, datt bei grousse Projeten d’Bauhären an Zukunft méi abordabel Wunnenge mussen aplangen, wéi dat haut de Fall ass. Esou kéinten an den nächste Jore bal 10.000 zousätzlech bezuelbar Wunnengen entstoen, hat d’Regierung virgerechent. Den David Wagner ass allerdéngs wéineg optimistesch, datt déi Rechnung opgeet. Och haut scho géifen d’Quoten net erfëllt ginn. Fir déi Lénk misst d’Regierung op Gemengenniveau usetzen, fir hirem Zil méi no ze kommen.

"An da kann een och iwwert d'Gréisst vun de Gemengen diskutéieren, déi mussen dann en obligatoreschen Taux vun, loosse mer soen, 10 Prozent vun ëffentleche Wunnenge bauen."

Den Interview mam David Wagner

Lauschterenplay_arrow