Soudatt dem Raymond Conzemius säi perséinleche Bilan vun de Spiller dann och positiv ausfält.
"Mir befannen eis hei mat deenen 13 Sportler, déi sech konnte selektionéieren - an ech denken och nach un déi 3 Sportler, déi knapps net selektionéiert goufen - un der Weltspëtzt."
Als sougenannt Aha-Momenter huet de Chef de mission zu Paräis d’Qualifikatioun vun der Patrizia van der Weken fir d’100m-Halleffinall an der Liichtathletik bezeechent. Als Belounung dofir dierf si dann och den Owend bei der Schlusszeremonie vun den Olympesche Spiller de Lëtzebuerger Fändel droen. Déi gutt Performance vun der Christine Majerus bei der Stroossecourse am Cyclissem an d’"standing ovations" fir d’Dëschtennisspillerin Ni Xia Lian, déi mat 61 Joer nach emol en Tour am Simpel gepackt huet. Dobäi kënnt nach den Optrëtt vum Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger, dee seng Joresbeschtleeschtung bruecht huet "obwuel verschidden Experte behaapten, datt hien hätt kënnen eigentlech nach méi héich bewäert ginn".
Verschidde Sportler sinn op hirem Maximum
De Raymond Conzemius huet awer och erkläert, datt hien insgeheim op 3 Top 10-Placéierunge gehofft hat. Sief dat vun der Patrizia van der Weken, der Christine Majerus, oder och nach der Jeanne Lehair.
Un de Chef de mission war et nach d’Fro, ob a sengen Ae genuch Sportler d’Zil erreecht hunn, fir sech bei den Olympesche Spiller ze verbesseren. Dorop huet hie geäntwert, datt Verbesserungen net onbedéngt z’erwaarde waren.
"Eenzel Leit hu wierklech alles ginn, fir sech iwwerhaapt ze qualifizéieren. Déi sinn do op hirem Maximum, an da kann een net heihi kommen an erwaarden, datt déi sech do verbesseren."
Och de Lëtzebuerger Sportsminister ass zefridden
Um Enn huet de Sportminister Georges Mischo, deen den eegenen Aussoen no déi ganz Zäit iwwer zu Paräis war, och dovu geschwat, datt hie gréisstendeels zefridde war mat de Leeschtunge vun de Lëtzebuerger Sportler.
Fir d‘Ofschlosszeremonie haut Sonndeg gëtt et extra waarm, am Géigesaz zu deem ville Reen mat deem d‘Spiller agelaut gi waren. Bis zu 40 Grad sinn am Südweste vu Frankräich méiglech. An 28 Departementer gëllt eng Vigilance Orange wéinst Hëtztwell.