arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ De Claus Peymann ass dout

Kultur

|
headphones

2 min

De Claus Peymann ass dout

Den däitsche Regisseur a fréieren Intendant ass elo am Alter vun 88 Joer gestuerwen. Hie war en Theaterrebell, streitbar a leidenschaftlech. Hie selwer huet sech de leschte grousse lénken Theatermënsch an Däitschland genannt.

headphones

2 min

De Claus Peymann war Regisseur an Intendant an de gréissten däitschsproochegen Theateren: Um Stuttgarter Theater, um Schauspielhaus Bochum, um Wiener Burgtheater an um Schluss vu senger Karriär, tëschent 1999 an 2017 dunn, beim Berliner Ensemble. Bekannt gouf de Peymann schonn 1966,  duerch seng Inzenéierung vum Peter Handke senger “Publikumsbeschimpfung” déi en Theaterskandal provozéiert hat. Theatergeschicht huet hien och mat Uropféierunge vu Stécker vum Heiner Müller, Thomas Bernard, George Tabori oder Peter Turrini geschriwwen.

Bei senger leschter Intendanz um Berliner Ensemble huet de Peymann reegelméisseg  Zuschauerrekorder gebrach. Hien huet sech dobäi iwwer Kritiker geiergert déi seng Inzenéierunge vu Klassiker verstëbst fonnt hunn. Hie selwer wollt näischt mat Spektakel a Performance Theater ze doen hunn. Dem Peymann war et awer wichteg, datt den Theater sech och mat existenzielle Problemer, wéi der Globaliséierung ausernee setzt. 

E politeschen Theatermënsch

De Claus Peymann huet donieft mat sengem politeschen Engagement fir Opreegung gesuergt. Esou gouf hie kritiséiert, fir d‘Solidaritéit mam Auteur Peter Handke wéi dee fir seng Sympathie zu Serbie kritiséiert gouf. Opreegung gouf et och, wéi den Heymann dem fréieren RAF-Terrorist Christian Klar e Praktikum beim Berliner Ensemble ugebueden hat.

An de 70er Joren hat de Claus Peymann och scho Schlagzeile gemaach, wéi hien um Stuttgarter Staatstheater mat enger Aktioun Sue fir den Zänndokteschtraitement fir RAF-Prisonéier gesammelt hat.

Vill Hommagen

Vu ville Säite kommen nom Doud vum Peymann Hommagë fir säi Liewenswierk. Den däitsche Kulturminister Wolfram Wiemer sot, de Peymann wier en Titan vum Theater gewiescht, e Meeschter vun der Zoumuddung an der Erneierung, e Regisseur, deen d’Bün och ëmmer als "Kampfschauplatz" ugesinn huet: An zwar fir kënschtlech Fräiheet, Reiwung a radikal Wouerecht.