De Grand-Duc Henri ass zënter Oktober 2000 Groussherzog vu Lëtzebuerg. Den 3. Oktober dëst Joer wäert hien ofdanken. Säin eelste Fils, den Ierfgroussherzog Guillaume, wäert duerno d'Successioun als Grand-Duc iwwerhuelen.
Um Haff gëtt haut nach ee Gebuertsdag gefeiert: De Prënz Sébastien, dee jéngste Fils vun der groussherzoglecher Koppel, kritt 33 Joer.