Virop geet et drëms déi Facteuren ze erkennen, déi een ännere kann, erkläert d‘Responsabel vun der sougenannter FragMent-Etüd, d‘Camille Perchoux.
"Et d'identifier quelles sont les populations les plus vulnérables à ces facteurs de stress, puisque tout le monde n'est pas soumis de manière égale à travers le pays à ces facteurs de stress."
D'Etüd gëtt iwwer en nationale Sondage realiséiert. Lancéiert gouf de Projet am Februar. Ronn 1.600 Persounen hu bis ewell matgemaach. Bis de September kann ee sech nach umellen, d’Fuerscher:innen hoffen am Ganzen op iwwer 2.000 Participanten.
Zwou Optioune fir bei der Enquête matzemaachen
Et ginn zwou Konditioune fir bei der Etüd kënne matzemaachen: Et muss een tëscht 18 a 65 Joer al sinn an hei am Land liewen. Bei der Participatioun huet een de Choix tëscht enger manner an enger méi intensiver Variant.
Déi éischt fënnt deemno just online statt. Do geet et drëms, iwwer säin eegene chronesche Stressniveau ze berichten an unzeginn, wéi si hirt Ëmfeld wouerhuelen. Dozou ginn dann zousätzlech Froe gestallt.
"Et en parallèle on demande aux participants d'utiliser une carte interactive pour dessiner son environnement, afin que nous, chercheurs, nous puissions comprendre à quels environnements il est, l'individu est exposé, et donc à terme à quel stresseur il est exposé pour analyser la relation entre ces stresseurs et les niveaux de stress rapportés par le participant."
Dann huet de Participant awer nach d’Méiglechkeet, fir iwwert eng Applikatioun um Handy wärend 15 Deeg méi an de Fong ze goen. Do kritt een da véier mol den Dag kleng Questionnaire vun enger Minutt geschéckt. An deene gëtt ee gefrot, wéi ee sech an deem genaue Moment vill, an ob a wéi d‘Ëmfeld eventuelle Stress ausléist.
Wéi beaflosse Stied eise Stressniveau
Dobäi gëtt net just analyséiert, wou de Stress fir déi Befroten am héchsten ass, mee och, wou en erof geet. Dat ass beispillsweis an der Natur. An Europa liewe 75 Prozent vun de Leit an enger Stad, erkläert Camille Perchoux.
"Mis à part ramener la nature en ville, il est également important de comprendre comment les caractéristiques de nos villes contribuent également à façonner nos niveaux de stress."
Stress am Alldag huet en negativen Afloss op eis Gesondheet a kann esouguer krank maachen, physesch a mental.
Parallel zu der Enquête lafen och Diskussiounsronnen an Ateliere mat Bierger:innen, Associatiounen a Verwaltungen, sou nach d’Camille Perchoux. Zil vun der Etude ass et, fir duerno Recommandatiounen ze maachen, wéi den ëffentleche Raum ka gestalt ginn, fir den alldeegleche Stress ze reduzéieren. D’FragMent Etude gëtt iwweregens vun der EU finanzéiert.