Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Alter vu 87 Joer: De Marcel Glesener ass gestuerwen

Laangjäregen LCGB-President an CSV-Deputéierten

Am Alter vu 87 Joer: De Marcel Glesener ass gestuerwen

De laangjäregen LCGB-President an CSV-Deputéierten Marcel Glesener, Joergang 1937, ass mat 87 Joer gestuerwen. Dat no enger kuerzer Krankheet, wéi seng Famill matdeelt, mellt RTL. Hien ass an der Klinik um Kierchbierg gestuerwen.

auto_stories

1 min

headphones

53 min

play_arrow

Vu Formatioun Ajusteur-Mécanicien war de Marcel Glesener vu jonke Joren u gewerkschaftlech aktiv. Fir d’éischt an der Jugendorganisatioun JOC. 1958 gouf hie Member beim LCGB. 10 Joer méi spéit, am Joer 1968, gouf hie Gewerkschaftssekretär an 1974 LCGB-Generalsekretär. Vun 1980 u war de Marcel Glesener LCGB- President. Dat 16 Joer laang bis 1996.

1989 ass de Marcel Glesener eng éischte Kéier als Deputéierte fir d’CSV op de Krautmaart gewielt ginn. Hien souz 20 Joer do, bis 2009. 7 Joerlaang huet hien d’Mandater vum Deputeierten an vum Gewerkscchaftspresident cumuléiert. D’Wort hat geschriwwen, datt hien awer ni an eng Zweckmillchen geroden ass, well kloer war, wou seng Prioritéite louchen, nämlech am Sozialen.

Besonnesch um Häerz louchen him do natierlech Theemen ewéi de Mindestloun, Renten an d’Pensiounen, d’Sozialversécherung, genee ewéi d’Aarbechtsrecht an den Eenheetsstatut.

Den 10. November 2013 war de Marcel Glesener Invité an eiser Emissioun "Erlieft a Verzielt".

Lauschterenplay_arrow