Am Buch "De Pol muss an de Krich" huet de Pe’l Schlechter seng Erliefnesser aus dem Zweete Krich verschafft. Als Zwangsrekrutéierten ass hien an Holland desertéiert a war och do verstoppt. Direkt no dësem Buch hat de Pe’l Schlechter e weidert autobiographescht Wierk erausbruecht "Wéini kennt fréier erëm? E Buch voll Witz, Charme an Nostalgie.
Hien huet eréischt an der Pensioun no 1986 ugefaangen ze schreiwen, ënner anerem Kuerzgeschichten a Kannerbicher, déi hie selwer illustréiert huet. Vun him staamt och eng Lëtzebuerger Adaptatioun vum Struwwelpéiter.
De Pe’l Schlechter huet ëmmer erëm och fir d’Warte vum Wort geschriwwen.
E Grafiker mat prägnantem Stil
De Pe’l Schlechter war virun allem awer och Grafiker vun Affichen a Plakate fir d’Foire, fir déi hie eng Zäitlaang Chefdesigner war. Mee och fir d’Nationallotterie oder Theaterproduktiounen. Aus sengem Entworf stamen och eng Partie Buchdeckelen. Säin Zeechestil war minimalistesch, de Pe’l Schlechter gëllt als als Pionéier vun der Lëtzebuerger Bande Dessinée.
Seng Comics a Karikature sinn och am Lëtzebuerger Land an an der Revue publizéiert ginn.
D’Schreiwe läit an der Famill
Joergang 1921 war de Pe’l als Paul Marie Schlechter um Lampertsbierg gebuer ginn. Als Pe’l gouf hie bekannt. An der Famill gouf d’Kultur grouss geschriwwen. Säi Papp Demy Schlechter hat Ufank vum 20sten Joerhonnert eng Partie Theaterstécker geschriwwen, Wierker, déi als konservativ Heimatliteratur beschriwwe ginn.
Dem Pe’l säi Brudder Ger Schlechter war op de Lëtzebuerger Bünen an als Radiosanimateur ënnerwee. Dem Pe’l Schlechter säin Neveu ass de Auteur Lambert Schlechter, dem Pe’l Schlechter säi Fils ass de Pit Schlechter, deen 2022 iwwregens och de Buchpräis gewonnen hat - mam Buch “Fléiepëlz”.
2011 war de Pe'l Schlechter an eiser Emissioun "Erlieft a Verzielt" zu Gaascht. Lauschtert dee ganzen Interview mam Verstuerwenen.