Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Poopst François verléisst d'Spidol

No laanger Behandlung

De Poopst François verléisst d'Spidol

De Poopst François kënnt haut um Sonndeg, no iwwer 5 Woche Behandlung, aus dem Gemelli-Spidol zu Roum eraus. De Chef vun der kathoulescher Kierch kënnt an de Vatikan zeréck. An der Lescht hätt sech säin Zoustand permanent verbessert.

auto_stories

1 min

Poopst Franziskus | © picture alliance / ipa-agency | VATICAN MEDIA
Poopst Franziskus (Foto: picture alliance / ipa-agency | VATICAN MEDIA)

Den 88 Joer ale Poopst hat jo eng béidsäiteg Longenentzündung; Hie wier awer nach net komplett vun der komplexen Infektioun geheelt, huet et vum Dokter geheescht, deen hie behandelt huet.