arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Premier ass de Premier"

Fräie Mikro

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

"De Premier ass de Premier"

D'Frieden-Ried zur Lag vun der Natioun 2026 geet an d'Geschicht an als Paradebeispill vun deem, wat Soziologen déi douce Gewalt vun den Elitten nennen, seet den Denis Scuto an sengem Fräie Mikro.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Denis Scuto | © Radio 100,7
Denis Scuto (Foto: Radio 100,7)

D'lescht Joer sinn d'Biergerinnen an d'Bierger vun dësem Land nom Luc Frieden sengen Ukënnegungen zur Rentereform an der Ried zur Lag vun der Natioun en masse géint hien an d'Politik vu senger Regierung op d'Strooss gaang. Sondage no Sondage verléiert hien zënterhier, a mat him seng Partei a seng Regierung, un Zoustëmmung. 

Eng Karikatur vu sech selwer

Nom Etat de la nation 2025 hat ech dunn hei gesot: Den neien ass den ale Luc. De Luc bleift de Luc. De Luc bleift a senger Bulle.

Vläicht si seng schlecht Sondageresultater de Grond firwat hie mëttlerweil souguer tendéiert, zur Karikatur vun sech selwer ze ginn. Virgëschter huet hie sech am Etat de la Natioun an där Hisiicht reegelrecht iwwertraff.

De "Streber" Luc Frieden

Vum éischte Saz un. De Luc - huet hien eis houfreg erzielt - ass an de leschte Méint dräi Leit begéint, "dräi vun de ville Facette vun eiser Natioun".

Wien ernimmt hie fir d'éischt? Ee Musterschüler. E Premier de la classe. "Streber", hu mir dat genannt. Wéi hien ee war a senger Jugend. De Luc ass also ënner d'Leit gaang an ass mol fir d'éischt sech selwer begéint.

Duerno ass hie senge Kolleege begéint aus dem Patronat, de Patrone vun dräi Restauranten. Hien ass natierlech net deene begéint, déi do zerwéieren, déi do kachen, déi do spullen, déi do botzen.

Drëttens, erzielt de Luc eis, war hie souguer bal Leit am Rollstull begéint, hien ass nämlech enger Fra begéint, déi sech an enger ASBL fir Leit am Rollstull asetzt.

Wat ass mat de Frontalieren? Den Expats? De Beamten?

De Luc ass a senger eegener Welt. An esou geet och seng 2026er Ried zur Lag vun der Natioun an d'Geschicht an als Musterbeispill vun der Derealiséierung vun der politescher Sprooch. Politiker wéi hie benotzen eng Sprooch, déi näischt bedeit, am Sënn, datt se sech net op eng sozial Realitéit bezitt.

An senger Ried geet rieds vun Natioun, mee néierens tauchen d'Awunner oder d'schaffend Leit vun där Natioun op. Et ginn a senger Ried keng lëtzebuergesch a keng auslännesch Residenten.

Et geet och néierens rieds vu Frontalieren zu Lëtzebuerg. Et gi keng Expats, keng europäesch Fonctionnairen. Genee esou wéineg wéi et Privatbeamten oder Staatsbeamten an der Natioun gëtt, déi de Premier beschreift.

Déi douce Gewalt vun den Elitten

Et gëtt zwar Leit, déi "méi oder manner verdéngen", mee et gi keng sozial Inegalitéiten. Wunnen ass, dem Premier, no kee Luxus an zu Lëtzebuerg bezuelbar.

Et gëtt, Aarmut mee et gi keng Aarm, keng Working poor. De Premier schwätzt eng eenzeg Kéier vum Mindestloun, mee net vu Leit, déi mat deem Mindestloun net iwwer d'Ronne kënne kommen.

D'Frieden-Ried zur Lag vun der Natioun 2026 geet och an d'Geschicht an als Paradebeispill vun deem, wat Soziologen déi douce Gewalt vun den Elitten nennen, dat heescht eng Kommunikatiounsstrategie, déi versicht, d'Bevëlkerung am Numm vun nobele Wäerter ze iwwerzeegen, datt Sozialofbau a Krisenzäite legitim ass.

"De Premier ass de Premier"

70 Mol appelléiert de Luc Frieden un den "Zesummenhalt", d'"Zesummeliewen", d'"zesummen",d'"gemeinsam", d'"mateneen" a senger Ried. Wuel fir déi nächst sozial Hiobsbotschafte vun der Regierung, dës Kéier am Kader vun der Tripartite, ze legitiméieren.

En attendant huet den CSV-Fraktiounspresident zum Schluss vum RTL-Spezial "Reaktiounen op den Etat de la Nation" dës Ried vum Luc Frieden gutt resuméiert. Op d'Fro vum Pit Everling, ob d'CSV wéi eng Mauer hanner dem Premier géif stoen, huet de Laurent Zeimet net vun Ënnerstëtzung fir hie geschwat, mee geäntwert: "De Premier ass de Premier."

Ech hätt et net besser kënne ausdrécken: De Premier, zeréckgezunn a senger eegener Welt. Äddi Luc Frieden.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren