Radioen

On air

Notturno  |  Lake Nakoma - New Skin

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ De Quincy Jones ass am Alter vun 91 Joer gestuerwen

Amerikanesche Museksproduzent

De Quincy Jones ass am Alter vun 91 Joer gestuerwen

D‘Musekslegend Quincy Jones ass am Alter vun 91 Joer gestuerwen. Den amerikanesche Museksproduzent, Sänger a Komponist ass bei sech doheem zu Los Angeles verscheet.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon | Malte Ossowski/SVEN SIMON
Foto: picture alliance / SvenSimon | Malte Ossowski/SVEN SIMON

De Quincy Jones war ee vun de bekanntsten Produzenten an den USA. Hien huet mat ganz ville Weltstaren zesummegeschafft. Fir de Michael Jackson huet de Museksproduzent den Album Thriller produzéiert, hien huet awer och mam Ray Charles, Frank Sinatra, Miles Davis oder och Aretha Franklin zesummegeschafft.

De Quincy Jones war een Allround-Talent: Hien huet och selwer Musek gemaach, hat eng Band, war Solo-Kënschtler, huet Lidder geschriwwen an arrangéiert a Filmmusek komponéiert. Hien huet och Bicher geschriwwen an huet Filmer gemaach, dorënner de Film Die Farbe Lila wou et ëm Gewalt géigeniwwer Fraen an den USA vum 20. Joerhonnert geet.

De Quincy Jones huet 28 Grammye gewonnen a war a senger Karriär am Ganzen 80 Mol fir a Grammy nominéiert. Dräi Mol war hie bestuet – hien hannerléisst 7 Kanner mat 5 verschiddene Fraen.