Radioen

On air

Notturno  |  Grizzly Bear - Mourning Sound

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Samuel Hamen gewënnt de Servais-Präis 2024

Literatur

De Samuel Hamen gewënnt de Servais-Präis 2024

Samuel Hamen heescht de Gewënner vum Servais-Präis 2024. D’Fondatioun Servais zeechent zënter 1992 all Joer e Wierk aus, dat si als déi bedeitendst literaresch Publikatioun vum Joer virdrun ugesäit.

auto_stories

3 min

Samuel Hamen
Foto: Archiv

Dem Samuel Hamen säin éischte Roman “Wie die Fliegen” ass am schwäizer Verlag Diaphanes erauskomm a gëtt elo mat 7.500 Euro belount.

Obwuel et sech hei ëm den éischte Roman vum 36 Joer jonke Schrëftsteller handelt, esou huet de Samuel Hamen an diverse literaresche Genren a Verëffentlechungen op sech opmierksam gemaach.

2018 publizéiert de Samuel Hamen seng éischt Erzielung “V wéi vreckt, w wéi Vitess” (Editions Guy Binsfeld). An dësem Wierk léiert een den Devid Risch kennen, dee Schrëftsteller wëll sinn, reegelméisseg a Psychotherapië geet an net just iwwer dës Sëtzungen, mee och op dat, wat ronderëm passéiert, erzielt.

2019 kënnt d’Band “Zeeechen”, jo mat dräi 'e', eraus, dat mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent gëtt (Editions Guy Binsfeld). Kandheetserënnerungen, déi net onbedéngt dem Auteur seng musse sinn, ginn hei vum Marc Angel illustréiert.

Mam Buch “Quallen”, dat am däitsche Verlag Matthes & Seitz publizéiert gëtt, hëlt den Auteur seng Lieser:inne mat an eng perséinlech, historesch, biologesch a literaresch Welt vun de Jelliskäpp.

Bei Hydre Editions gëtt dem Samuel Hamen säin Theatertext “De Geescht oder d'Mumm Séis” publizéiert. Ee Stéck, dat ënnert der Regie vum Jacques Schiltz am Groussen Theater opgefouert ginn ass.

Säin dystopescht Wierk “Wie die Fliegen” huet de Jury vum Servais-Präis mat follgender Begrënnung dëst Joer ausgezeechent:

In seinem Roman Wie die Fliegen schickt Samuel Hamen eine Detektivfigur auf die Suche nach einem verschwundenen Teenager in eine durch Klimawandel, Artensterben und „ökologische Trauer“ geprägte Stadt.

Indem der Text mit den Genremustern des Kriminalromans und narrativen Uneindeutigkeiten spielt, macht er die Leser:innen zu ratlosen Kompliz:innen, die bei wiederholter Lektüre immer neue Aspekte einer fragilen, dystopischen Welt entdecken können. Dabei gelingt es Hamen, aktuelle Diskurse mit philosophischen Überlegungen zu

verknüpfen und eine atmosphärisch dichte, ästhetisch anspruchsvolle und zugleich spannende Erzählung zu entwickeln.

Besonders hervorzuheben ist die dem Text inhärente Sprachreflexion, die nicht nur selbst zum Gegenstand der Handlung wird, sondern sich auch in einer stark geformten Kunstsprache äußert. Überraschende Vergleiche und Metaphern werden dabei zum Wahrnehmungsprinzip der Erzählerfigur und ermöglichen ihr Zugang zu einer Welt, die sich klaren Sinnzuschreibungen immer mehr zu entziehen scheint.

In einer Zeit medialer Überforderung und fragmentierter Aufmerksamkeit lässt sich der Roman als ein Versuch lesen, sich mit den Mitteln der Literatur einem Verständnis von Wirklichkeit anzunähern.

De Jury ass zesummegesat: Sébastian Thiltges, Simone Beck, Fabienne Gilbertz, Ludivine Jehin, Odile Linden, Henning Marmulla, Alex Reuter, Shari Schenten an Aimée Schultz.

Déi zeremoniell Präisiwwerreechung ass den 9. Juli am Nationalem Literaturarchiv ze Miersch.


Lauschtert Iech d'Valibraire vum 18. Juni 2023 un, fir méi iwwert de Samuel Hamen a seng Wierker gewuer ze ginn.

D'Valibrairie vum 18. Juni 2023play_arrow