Radioen

On air

Kultur um 5  |  Spot on Brass

play_arrow Live
search

/ De Science Center huet den Nicolas Didier entlooss

Kee Vertraue méi

De Science Center huet den Nicolas Didier entlooss

De Science Center huet sech 100,7-Informatiounen no vu sengem Direkter a Grënner getrennt. Dat krute mer vun zwou gutt informéierte Source confirméiert. Och RTL Online huet de Licenciement elo grad gemellt. Den Nicolas Didier ass deemno wéinst Manktem vu Vertrauen tëscht Verwaltungsrot an Direkter entlooss ginn. Viru kuerzem eréischt hat den Nicolas Didier och de Verwaltungsrot verlooss.

auto_stories

1 min

Science Center | © Wikimedia Commons

Hien hat vum Educatiounsministère en Interessekonflikt virgeheit kritt, well hie President vum Verwaltungsrot war, Direkter an och Proprietär vun der Firma GGM11, déi enk mam Science Center vun Déifferdeng zesumme geschafft huet.

Den Edukatiounsminister Claude Meisch (DP) hat déi weider staatlech Co-Finanzéierung vun Ännerungen an der Gouvernance vum Wëssenschaftszenter ofhängeg gemaach.

De Verwaltungsrot vum Science Center huet zënter e puer Woche mam Camille Feyder en neie President. Dee war bis elo net fir eng Stellungnam z'erreechen.