Fir d'Regiounen direkt ronderëm de Vulkan ass eng rout Alert erausgaangen. De Schoulunterrecht gouf ofgesot an Noutënnerdiecher opgeriicht.
Déi komplett Géigend ronderëm de Vulkan ass elo gespaart. Dat, nodeems ëmmer nees Touriste versicht hätten, esou no wéi méiglech bei den aktive Vulkan ze kommen, fir Fotoen a Videoen ze maachen, esou déi lokal Autoritéiten.
De Vulkan Fuego ass a ganz Mëttelamerika deen, deen am aktiivsten ass. Zejoert goufen et och zwee gréisser Ausbréch. 2018 gouf et esou een heftegen Ausbroch, datt eng 200 Mënschen dobäi ëm d'Liewe koumen.