Bei der Disziplin "Big Air" geet et drëm, wéi de Numm et scho verréit, impressionant Tricker an der Luucht ze maachen, déi da vun enger Jury bewäert ginn. Et gëtt beim "Big Air" just eng grouss Ramp op déi d’Snowboarderinnen a Snowboarder mussen duerfueren.
Anescht wéi an der Disziplin “Slopestyle”, wou se op engem ganze Parcours mat klenge Rampen, Slide-Gelänner a Knuppen hir Tricker musse weisen.
D'Schwieregkeet steet am Virdergrond
Bei der "Big Air"-Disziplin, déi eng éischte Kéier 2018 zu Pyeonchang kontestéiert gouf, kritt all Kandidat dräi Versich fir d’Jury ze impressionéieren an ze iwwerzeegen. Heibäi gëtt besonnesch op d’Schwieregkeet gekuckt. Dat heescht wéi dacks huet de Sportler oder d‘Sportlerin sech an der Luucht gedréint oder wéi kloer a propper huet hie säi Briet an der Luucht ugepaakt - gegrabbed.
D’Héicht an d’Distanz vum Sprong sinn och wichteg Critèren. Dofir och de Numm "Big Air", desto méi héich a laang een an der Luucht ass, desto méi Punkte ginn et.
Bewäert gëtt awer natierlech och wéi kontrolléiert a propper alles vun Ufank bis Enn ausgesäit. Dat heescht wéi ee vun der grousser Ramp ofhieft an dann ënnen nees lant, ouni sech mat der Hand am Schnéi ze stabiliséieren. Och wéi originell d’Tricker sinn ass e Critère.
Dräi ënnerschiddlech Tricker
All Sportler kritt dräi Leef wou een all Kéiers een eenzegen Trick an der Luucht dierf weisen. Déi zwee bescht Resultater ginn da fir d’Schlussresultat zesummegezielt. Allerdéngs ass et net erlaabt en Trick, deen ee gutt beherrscht, einfach zweemol ze maache fir gutt Punkten ze kréien, et muss bei all Laf en aneren Trick sinn.
D’Favoritte fir d’Finall den Owend heesche Su Yiming aus China oder Ollie Martin aus den USA. Mam Ian Matteoli ass och en Italiener mat dobäi. Bei de Fraen ass d’Finall am "Big Air" iwweregens e Méindeg.