Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - Duerch De Reen Feat. Jambal

play_arrow Live
search

/ Alternativen Nobelpräis: D'Laureaten aus 4 Weltregioune si bekannt

Right Livelihood Award

Alternativen Nobelpräis: D'Laureaten aus 4 Weltregioune si bekannt

De sougenannten “alternativen Nobelpräis” geet dëst Joer un Aktivisten an Organisatiounen aus Asien, dem Noen Osten, Afrika an Europa. Dat huet d’“Right Livelihood Stëftung” um Donneschdegmoien zu Stockholm bekannt ginn. De "Right Livelihood Award" gëtt all Joer kuerz virun den Nobelpräisser verginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Right Livelihood play_arrow
Foto: Right Livelihood

Dëst Joer ginn Aktivisten an Organisatiounen aus de 4 Weltregioune fir hiren Asaz, ouni Gewalt, fir Gerechtegkeet a Wourecht belount. 

D’philippinnesch Aktivistin Joan Carling an de brittesche Fuerschungsprojet Forensic Architecture kréien den “alternativen Nobelpräis”; Weider Lauréate sinn de palästinenseschen Aktivist Issa Amro a säi Grupp “Youth Against Settlements” an d’Aktivistin Anabela Lemos an hire Grupp “Justica Ambiental” aus Mozambique.

Projeten déi d'Gerechtegkeet fuerderen a stäerken

D’Joan Carling vun de Philippinne kritt de Präis dofir, datt si indigen Stëmme stäerkt a virgeet bei der Verdeedegung vu Mënschen, Land a Kultur. D’Anabela Lemos a Justica Ambiental aus Mosambik hëllefe Communautéiten, fir Neen ze soen zu Groussprojeten an ekologesch Gerechtegkeet ze fuerderen. 

Forensic Architecture aus Groussbritannien bitt digital forensesch Methoden un, fir zum Beispill Affer vu Mënscherechtsverstéiss op der Sich no Gerechtegkeet ënnert d’Äerm ze gräifen. An de Palästinenser Issa Amro a Youth Against Settlements setze sech gewaltfräi géint israeelesch Siidlungen am Westjordanland an.

Zanter 1980 hunn ënner anerem d’schweedesch Kannerbuchautrice Astrid Lindgren, den amerikanesche Whistleblower Edward Snowden an d’schweedesch Aktivistin Greta Thunberg dëse Präis kritt. Verschidde Laureate wéi zum Beispill de kongoleeseschen Dokter Denis Mukwege kruten iwwregens an de Joren nom alternativen och de richtegen Nobelpräis, dee vum Fridden. Den alternativen Nobelpräis gëtt de 4. Dezember an enger Zeremonie zu Stockholm iwwerreecht.

  Lauschterenplay_arrow