déi Lénk: No Sexualverbrieche muss och déi Lëtzebuerger Politik sech dréngend hannerfroen
Datt den Numm vum Premier Luc Frieden an engem Mailverkéier vum condamnéiert a verstuerwene Sexualverbriecher Jeffrey Epstein genannt gëtt, géif beweisen, wéi enk Politik a Finanzwelt matenee verbonne sinn. Dat ass de Constat vun déi Lenk an engem Beitrag an de soziale Medien.
En Demonstrant virum US-Kapitol zu Washington (Foto: EPA/WILL OLIVER)
Dem aktuelle Premier säin Numm gëtt net am Zesummenhang mat den eigentlechen Epstein-Verbrieche genannt, mee am Zesummenhang mat Bankgeschäfter.
déi Lénk weisen drop hin, datt Spëtzepolitiker an deene Kreesser zirkuléieren, déi d‘Epstein-Verbrieche méiglech gemaach hunn.
Déi Lëtzebuerger Politik, déi déi international Finanz-, a Banke-Welt hoféiert, misst sech dréngend hannerfroen, esou den Appell vun de Lénken an de soziale Meiden.