De Kongo geheit sengem Nopeschland Ruanda vir d‘Rebellemiliz M23 ze ënnerstëtzen, déi am Ostkongo géint Regierungstruppe kämpft. De Xavier Bettel hätt gëschter am EU-Ausseministerrot duerch ee Veto Sanktioune géint dat ostafrikanescht Land verhënnert, behaapten déi Lénk.
Dat fir ee Fouss an der Dier ze hunn en vue vun den Ambitioune vum Ruanda fir eng grouss Finanzplaz opzebauen, sou heescht et am Schreiwes. Lëtzebuerg géif d‘Sanktioune géint d‘Miliz M23 ënnerstëtzen, heescht et vum Ausseministère an engem Communiqué. Mee de Xavier Bettel wéilt d‘Mediatiounsefforten zum Thema dës Woch ofwaarden ier Sanktioune sollen ugeholl ginn, fir ze verhënneren, datt déi betraffe Partien de Verhandlungsdësch géife verloossen ier d‘Gespréicher iwwerhaapt ugefaangen hätten.