arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsch Arméi rüst weider op: Rakéiten-Test mam israeelesche System wier gegléckt

Däitschland

|
reading time

1 min

Däitsch Arméi rüst weider op: Rakéiten-Test mam israeelesche System wier gegléckt

Am Nordatlantik huet déi däitsch Marinn e bis elo geheim gehalene Rakéiten-Test mam israeelesche Rakéite-System "Lora“ mat Succès ofgeschloss. E Spriecher vun der däitscher Marinn sot, den Test hätt gewisen, datt dëse Waffesystem vun däitsche Schëffer aus agesat ka ginn.

reading time

1 min

© EPA/CLEMENS BILAN
(Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Mat enger Portée vun iwwer 500 Kilometer kéinten dës Rakéiten däitlech méi wäit fléie wéi déi aktuell Systemer, déi Däitschland huet. D‘Bundeswehr géif elo e Plang opstellen, fir sech dës israeelesch Rakéite-Systemer unzeschafen, esou de Spriecher vun der däitscher Marinn.