arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi fréier franséisch "première dame" Bernadette Chriac ass verstuerwen

Am Alter vun 93 Joer

|
reading time

1 min

Déi fréier franséisch "première dame" Bernadette Chriac ass verstuerwen

D'Bernadette Chirac stoung virun allem an der Zäit vun der Presidentschaft vun hirem Mann, dem Jacques Chirac, tëschent 1995 an 2007, als "première dame" an deem sengem Schied. Si hat sech awer och een Numm als resolut Lokalpolitikerin gemaach.

reading time

1 min

© EPA/MICHEL EULER / POOL
(Foto: EPA/MICHEL EULER / POOL)

Joerzéngte laang hat si ee politescht Mandat am Departement Corrèze. Si huet sech do virun allem fir sozial Froen, d'Gesondheetswiesen an d'Interesse vun deenen eelere Leit agesat. 

D'Bernadette Chirac huet dobäi als méi konservativ wéi hire Mann gegollt. Si war awer beléift bei de Fransousen, notamment wéinst hirer Aktioun vun de "pièces jaunes", also der Campagne mat der Geldmënze gesammelt goufen zu Gonschte vu Kanner am Spidol. 

2023 war hiert Liewen an hiren Emanzipatiounsprozess aus dem Schied vun der politescher Elite eraus am Film "Bernadette" erzielt ginn. D'Catherine Deneuve huet dobäi déi Verstuerwe gespillt.