Bis elo goufen déi meeschte Schlässer vun Associatioune geréiert, déi mat an der Gestioun abezu solle ginn. D’Renovatiounsaarbechte gi vum INPA, dem Institut national pour le patrimoine architectural, geleet.
"Dat ass eemoleg hei am Land"
Direkt bei der Entrée sinn Aarbechter am gaangen, mat vill Suergfalt de Buedem ofzedroen. Mat Suergfalt, well et virum Schlass warscheinlech am Buedem nach Iwwerreschter vu fréieren Aktivitéite gëtt, déi et heescht ze studéieren.
De Site ass eemoleg zu Lëtzebuerg, well do zwee Gebaier aus zwou Epochen niewentenee stinn, erkläert de Patrick Diederich, Architekt vum INPA, dem Institut national du patrimoine archtiectural. Nämlech d'Schlass an d'Buerg.
"(D'Schlass) ass am Stil vun der Renaissance gebaut. Et ass awer eigentlech scho fréie Barock, 1648 bis 1649. An ënnendrënner eng Mëttelalterbuerg. Dat heescht, hei huet een zwou Epochen, déi knuppe souzesoen zesummen, an dat ass eemoleg hei am Land."
D'Geschicht vum Beeforter Schlass
D'Initiativ, d'Schlass ze bauen, hëlt de Baron Jean de Beck, iwwer dee relativ wéineg geschwat gëtt, obwuel hie Gouverneur vun der Province de Luxembourg war, an eng fulminant Karriär gemaach huet als Militär ënnert der éisträichesch-habsburger Arméi.
De Jean Beck koum am Gronn op d’Welt, an hie koum aus ganz einfache Verhältnisser. Duerch säi militärescht Engagement gouf hien an den Adelsstand gehuewen a gëtt de Baron de Beck. Fir sengem neie Statut gerecht ze ginn, muss hien ee Schlass besëtzen. D’Beeforter Buerg kënnt 1638 a säi Besetz. Hie plangt ee Renaissance-Schlass ze bauen, nom Stil vum Mansfelder Schlass. Leider stierft hien, éier de Bau 1649 fäerdeg ass.
Säi Fils féiert d’Aarbechte virun. D’Schlass gëtt schlussendlech un d’Famill Linkels verkaf, déi bis 2013 am Schlass gewunnt huet.
An deem Deel mengt een, datt d’Zäit stoe bliwwen ass: D’Miwwel, mee och d’Bicher, d’Better - alles steet nach, wéi wann de Proprietär misst erakommen.
Aarbechten, déi hiert Geld kaschten
Dee gréisste Chantier aktuell ass den Daach, dee fachgerecht renovéiert gëtt. Souvill Substanz wéi méiglech gëtt gehalen. De Budget läit bei ronn 1,5 Millioun Euro, erkläert den Patrick Diederich: "Da kann ee jo soen: Dat ass schrecklech vill", seet den Architekt vum INPA. Mee hie betount, datt et deels ganz komplizéiert Aarbechte sinn.
"Mir mussen och déi Charpenten erëm riicht drécken. Dat heescht, déi al Charpentë vu 1648, déi mir op enger Säit upaken. Dann drécke mir se all mateneen an d'Luucht, fir datt se rëm am horizontale riicht leien, well se och e bëssen agesackt waren."
Beim éischte Fligel vum Schlass wier dës Operatioun scho gegléckt. Et ass weder eppes gerass, nach ass eppes gebrach.
"Also et ass wierklech stabil gebaut. An dat sinn eeben esou Aarbechten, dat, dat kascht säi Geld."
Dëst sinn natierlech ganz speziell Aarbechten, déi och vu Spezialiste musse superviséiert ginn. Den Daniel Giorgetti vum Ingenieurs-Bureau HLG superviséiert d’Aarbechten um Chantier. Eng aktuell Schwieregkeet wier déi allgemeng Organisatioun, fir de richtegen Oflaf ze plangen. Do spillt virun allem d'Wieder eng grouss Roll.
"Fir de Moment maache mir elo alles, wat bausse geet, fir vum gudde Wieder ze profitéieren. A fir déi schlecht Saison, datt mir dann déi Aarbechte banne maachen."
Banne renovéieren heescht och esou vill wéi méiglech ze erhalen. Dorobber muss opgepasst ginn, an et muss alles genee dokumentéiert ginn.
Och de Gaart ass Deel vun der Restauratioun
Wat beim Schlass och aussergewéinlech ass, dat ass de Gaart, deen och soll nees restauréiert ginn, erkläert de Patrick Diederich. Éier een awer domadder ufänke kann, genee wéi am Schlass, mussen als éischt och hei Sécherungsmoossname geholl ginn.
"Mir mussen hei Mauere schützen a sécheren, also konsolidéieren. An domadder hu mir elo ugefaang. Déi riets Mauer Richtung Buergruin, déi lo fäerdeg stabiliséiert ass, do kënnt nach ee Verbotz drop. (...) Am Ganze musse ronn 100 Meter Mauer stabiliséiert ginn."
D’Beeforter Schlass kann een natierlech nach ëmmer besichen, och wärend dem Chantier.
Wéi kënnen historesch Sitte besser valoriséiert ginn?
Dat huet d'Christiane Kleer de Coordinateur vum neie Centre des monuments du Grand-Duché de Luxembourg, de Marc Gierenz, gefrot. An eiser Emissioun "Den Hallwer Néng" ass hien am Detail op d'Organisatioun vum CML agaangen, an hien huet erkläert, wat d'Zil vun deem neie Centre ass.