Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskij huet vun enger schrecklecher Attack geschwat. D‘Welt misst reagéieren a Russland behandelen als dat wat et ass: En terroristesche Staat, sou den ukrainesche President. All d'Gespréicher mat Russland iwwer eng Wafferou géife Moskau net drun hënneren, mam Terror a mam Krich virunzefueren. Ouni Drock op Russland wier kee Fridde méiglech, sou de Wolodymyr Selenskij.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Déidlech russesch Rakéiten-Attack an der Ukrain
Krich an der Ukrain
Déidlech russesch Rakéiten-Attack an der Ukrain
Zu Sumy am Nordoste vun der Ukrain, huet de Moien eng russesch ballistesch Rakéit den Zentrum vun der Stad getraff. Dat zu engem Zäitpunkt wou vill Leit ënnerwee waren. De virleefege Bilan läit bei op d'mannst 21 Doudegen. Dorënner siwe Kanner, an 83 Blesséierten, esou den ukraineschen Inneminister op Telegramm.
auto_stories
1 min

(Foto: picture alliance / Photoshot | -)