arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déidlechen Tëschefall bei Fussball-Training: Ugeklote kënnt an Appell besser ewech

Justiz

|
reading time

2 min

Déidlechen Tëschefall bei Fussball-Training: Ugeklote kënnt an Appell besser ewech

Just nach 4 Joer feste Prisong amplaz vu 6, esou kann een aus der Siicht vum Ugekloten d’Appeluerteel, ëm en déidlechen Tëschefall, am Januar 2023, bei engem Training vun de Fussball-Minimë vun der Escher Jeunesse ëmschreiwen.

reading time

2 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Amplaz vun 18 Joer Prisong, 12 dovu mat Sursis probatoire, gouf den Ugekloten zwar och de Mëtten am Appell schëlleg gesprach. Hie krut awer just nach 8 Joer Prisong, 4 dovu mat Sursis.

Am Géigesaz dozou hat de Vertrieder vum Parquet général am zweete Prozess méi feste Prisong fir de Beschëllegte gefuerdert. Deem säin Affekot, de Me Mioli, huet dann och nom Uerteel vun enger Victoire geschwat, datt den Doutschlag net zréckbehale ginn ass, och wa säi Mandant net fräigesprach gouf.

“Ils ont retenu les coups et blessures volontaires ayant entraîné la mort sans intention de la donner. C’est une décision avec laquelle je peux vivre, et j’espère que mon client le pourra également! Et, oui, la sentence ramenée à de plus justes proportions me paraît aussi être une bonne chose au vu de cette affaire qui était quand même loin d’être evidente!”

Den elo Veruerteelte misst d’Konsequenze vu sengen Akten droen, an e wäert dat maachen, huet de Me Mioli betount. Virun eppes méi wéi dräi Joer war dat spéidert Affer no engem Sträit mam Ugeklote mat Messeren op d’Trainingsterrainen an der Hiel zréckkomm.

Um Enn hat den Ugeklote mat engem vun de Messeren op de Mann agestach, dee Stonnen drop u senge Blessure gestuerwe war.