Radioen

On air

Notturno  |  Tamtam - Ramble In The Rainbow

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dem Poopst säi Gesondheetszoustand huet sech weider verschlechtert

Vatikan deelt mat

Dem Poopst säi Gesondheetszoustand huet sech weider verschlechtert

Beim deem schwéier kranken 88 Joer ale Poopst wier elo och den Ufank vun enger liichter Nieren-Insuffizienz festgestallt ginn, déi wier den Ament awer ënner Kontroll, esou de Vatikan de Sonndeg den Owend.

auto_stories

1 min

Poopst Franziskus | © picture alliance / ipa-agency | VATICAN MEDIA
Poopst Franziskus (Foto: picture alliance / ipa-agency | VATICAN MEDIA)

Dem Poopst säin Zoustand wier weider kritesch. De Poopst huet eng duebel Longenentzündung. De Samschdeg hat hien eng Blutttransfusioun gemaach kritt.

Net elo schonn iwwert den Doud spekuléieren

Et wier schrecklech, datt elo schonn iwwert e Konklave fir d‘Wal vun engem neie Poopst nogeduecht géif ginn, obwuel de Poopst nach lieft, dat sot de Kardinol Jean-Claude Hollerich an engem Interview an der italiéinescher Zeitung La Stampa. 

Hei géif dat respektlos fannen, och vun de Kardineel, déi sech méi ëm d‘Zukunft vun der Kierch géife këmmeren, wéi ëm dem Poopst seng Gesondheet. De François 1. selwer hätt ëmmer rëm gesot, hie wéilt keng Berechnungen oder Spekulatiounen, soulaang hie géif liewen a säin Amt géif ausüben. Sou de Lëtzebuerger Kardinol Hollerich.

Den 88 Joer ale Poopst ass zanter 10 Deeg an der Klinik zu Roum, bei eng duebel Longenentzündung ass elo och eng liicht Nieren-Insuffisenz bäikomm