search

/ Demonstratioune géint Gesetz fir Ausnamezoustand auszeruffen a Militär anzesetzen

Bolivien

|
reading time

1 min

Demonstratioune géint Gesetz fir Ausnamezoustand auszeruffen a Militär anzesetzen

Mat deem Gesetz, dat op den Instanzwee bruecht gouf, kann de President Prodrigo Paz, deen zënter November zejoert Staatschef am südamerikanesche Land ass, den Ausnamezoustand deklaréieren a Militär asetzen.

reading time

1 min

© EPA/LUIS GANDARILLAS
(Foto: EPA/LUIS GANDARILLAS)

Zënter Woche blockéieren Demonstrante wichteg Stroossen am Land. Ënner hinne sinn haaptsächlech Minenaarbechter, Baueren an Ënnerstëtzer vum fréiere President Evo Morales. D'Protester riichte sech géint déi allgemeng Präishaussen a Bolivien a géint d'Politik vum Rodrigo Paz. 

Verschidden Demonstrante fuerderen och de Récktrëtt vum President. 

Duerch hir Blockade kënnt et zu Engpäss bei Liewensmëttel a Sprit.