Den 13. November 1986 ass de Reakterblock Nummer 1 vu Cattenom un d’Netz gaangen
Trotz ville Protester aus Lëtzebuerg an Däitschland lafen déi véier Reakteren och haut nach an eng weider Lafzäitverlängerung ass an der Maach. Cattenom ass fir Frankräich haut ee wichtegt Pëselstéck an der nationaler Energieversuergung.
Mat 5.200 Megawatt Gesamtleeschtung ass Cattenom eng vun de leeschtungsstäerksten Zentralen a ganz Frankräich.
Als Beispill: d’lescht Joer gouf an de véier Reakteren den Equivalent vun 8 Prozent vun der nationaler Stroumproduktioun an esouguer 70 Prozent vum Verbrauch vun der Regioun Grand Est produzéiert.
Donieft spillt d’Zentral mat 2.300 Beschäftegten och eng wichteg Roll fir déi lokal Ekonomie. Datt Atomkraaft esou eng wichteg Roll an der Energieversuergung a Frankräich spillt ass och ee Resultat vun der Pëtrolskris an den 1970er Joren: Frankräich wollt sech duerno onofhängeg maachen a Saachen Energie.
1981 gouf mam Bau vum éischte Reakter vu Cattenom ugefaangen, dee goung 1986 wéi gesot a Betrib. Ausgerechent an dem Joer also an deem zu Tschernobyl eng nuklear Katastroph geschitt war.
Ëmmer nees Pannen an der Zentral
Dacks waren et relativ gesi méi kleng Problemer, déi dacks Drëttfirme betraff hunn, déi um Site geschafft hunn.
2012 gouf et Problemer bei engem Ventil, wouduerch d’Killbasengen hätte kënnen auslafen. Dat selwecht Joer sinn 58.000 Liter Salzsaier an d’Musel gelaf.
2014 goufen zéng Aarbechter liicht kontaminéiert.
2015 hat en Dampventil noginn, wouduercher Radioaktivitéit hätt kënnen an d’Ëmwelt geroden. Ëmmer nees koum et och zu Bränn.
Protester aus dem Joer 2011 (Foto: EPA/NICOLAS BOUVY)
Besonnesch am noen Ausland ëmstridden
Ausgerechent an dem Joer an dem zu Tschernobyl eng nuklear Katastroph geschitt war, also 1986, goung den éischte Reakter zu Cattenom un d’Netz.
Zu Lëtzebuerg dergéint war jorelaang d'Lutte géint déi geplangten national Zentral vu Rëmersche grad eréischt gewonnen. 1978 gouf dee Projet definitiv ad acta geluecht. D’Biergerinitiativ Museldall ënner der Elisabeth Kox-Risch huet no Rëmersche grad esou energesch op juristeschem Plang géint Cattenom gekämpft.
"Mir wësse jo, datt déi franséisch Politik sech net dorunner stéiert. Dat ass net eise Feeler, mee de Widderstand géint Cattenom, deen ass an eisen Häerzen an déi geet och virun an eise Publikatiounen an all mat Drock op eis Politiker, fir dass déi e bësse méi sech méi ginn, fir Afloss do op franséisch Politik ze huelen."
Dat huet de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel dann och 2016 bei senger Visitt beim franséische Premier Manuel Valls zu Paräis probéiert an dobäi däitlech Wieder fonnt.
"Notre plus grand souhait serait que Cattenom ferme. Pas besoin de parler une langue de bois, notre souhait serait un jour que Cattenom fermes, car si Cattenom demain a un problème, le Grand-Duché est rayé de la carte."
Greenpeace als schäerfste Kritiker
Et goufen eng sëllege politesch an och méi handfest Aktiounen um Site selwer, wéi de Roger Spautz vu Greenpeace erkläert. Zougemaach ginn ass d’Zentral zwar net, mee et gouf op verschiddenen Niveaue Matsproochrecht respektiv konnt Lëtzebuerg a Gremie setzen, déi op d'mannst a Sécherheetsfroen en Informatiounsrecht haten, esou de Roger Spautz vu Greenpeace.
"Wat hu mir erreecht? Quitt, datt d'Zentral oder de Reakter 1 elo nach net ofgeschalt ginn ass, mee datt mir awer bei verschiddenen entscheedende Momenter, wou mir intervenéiert sinn, datt Saache gemaach gi sinn."
Protester aus dem Joer 2013 (Foto: EPA/THOMAS FREY)
Wéi steet een haut zu Lëtzebuerg dozou?
Zënter dem Out vu Rëmerschen 1978 war et zu Lëtzebuerg de Konsens tëschent alle Parteien, datt zu Lëtzebuerg d’Atomenergie en Tabu ass.
Bei der schwaarz-bloer Koalitioun waren op eemol vereenzelt Stëmmen ze héieren, déi relativéiert hunn. Op europäeschem Plang gouf et kee Widderstand méi dergéint, datt Nuklearenergie als nohalteg aklasséiert gëtt.
D’CSV ass 2022 zesumme mat der ADR aus dem "Nationalen Aktiounscomité géint Atomkraaft" ausgetrueden.
Lëtzebuerg huet och keng Bedenke méi wat de Finanzement vun europäesche Fuerschungsprojeten am Beräich Atomenergie ugeet. De Premier Luc Frieden huet 2024 nach erkläert, déi aktuell Regierung hätt eng aner, manner ideologesch Approche zur Nuklearenergie wéi hire Virgänger.
Greenpeace fäert ee Changement vun der Politik, esou de Roger Spautz.
"Do misst och Lëtzebuerg op europäeschem Niveau vill méi aktiv ginn, well et och ganz drëm geet, datt europäesch Sue sollen an den Nuklearberäich investéiert ginn. All Euro, dee mir an eng Atomzentral investéieren, déi kann nit an erneierbar Energien investéiert ginn oder an Energiespuermesuren."
Keng Zeechen op Richtungswiessel
Aus der Regierung kommen awer bis elo allefalls keng konkret Signaler fir e Richtungswiessel. Den DP-Energieminister Lex Delles war eis géintiwwer op alle Fall formell.
"Mir sinn als Regierung géint déi Atomkraaftwierker, déi op eise Grenze stinn."
Dat aus zwee Grënn, wéi de Minister erkläert.
"Éischtens: d'Geforen. D'Sécherheetsfroen, déi et ronderëm Atomkraaftwierker gëtt. Zweetens: D'Fro, wat maache mir mam Restmüll?"
Dee géif bis elo nach ëmmer einfach an een Endlager bruecht ginn, an da wier et dat gewiescht.
"A firwat investéiere mir Suen an d'Recherche? Wann ee seet, mir sinn dogéint, well mir d'Froe vun der Sécherheet net kënne garantéieren, well mir d'Froe vum Endlager hunn, dann investéiere mir do drëm, fir Solutiounen ze fannen op déi Problemer, déi do sinn."
An elo soll dat Ganzt an d’Verlängerung goen: Eigentlech waren d’Reaktere vir eng Lafzäit vu 40 Joer gebaut ginn.
Elo soll ëm weider 10 Joer verlängert ginn. EDF denkt souguer iwwer 60 Joer Lafzäit no. Momentan leeft fir d’Verlängerung vun der Lafzäit déi grouss zéngjäreg Revisioun vum éischte Reakter un.
Egal wéi nei alles ronderëm ass, de Motorblock bleift den ale mat all senger Risiken, argumentéiert Greenpeace.