Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  D’Relioun an hire Géigestand

play_arrow Live
search

/ Den Androck vu Climate Youth Delegates: Et gëtt vill geschwat, mee wéineg konkret Mesuren

Lëtzebuerger Vertrieder op der COP29 zu Baku

Den Androck vu Climate Youth Delegates: Et gëtt vill geschwat, mee wéineg konkret Mesuren

Nieft den offizielle Vertrieder vun de verschiddene Länner sinn och jonk Leit vu Lëtzebuerg op der COP. D'Natasha Lepage ass eent vun den zwee CYDs, also jonke Klimadelegéierten, déi d'Interessie vun der Lëtzebuerger Jugend op der COP29 zu Baku vertrieden.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka

Hire Bilan no der éischter Woch op der COP29 fält méi negativ aus, wéi d'CYDs sech dat erwaart hunn. Et wier zwar bis elo spannend gewiescht, mee et wieren nach vill Froen oppen.

(Ze) vill verschidde Meenungen

Allgemeng géife bei de Conclusioune vun der éischter Woch konkret Mesurë feelen, wéi een duerfir suerge wéilt, eng Temperaturerhéijung vun eisem Planéit vun 1,5 Grad net ze iwwerschreiden, esou d'Natasha Lepage.  

"Als Climate Youth Delegates wënsche mir eis vill méi konkreet Implementatiounen. Well et sinn extreem vill Leit, déi vill schwätzen, mee konkreet Mesurë sinn elo am Moment net ze gesinn."

De Schüler aus dem Lycée Robert Schuman, de Julien Lemmer Veloso, ass am Kader vum Projet Youth for Climate Action zanter leschtem Donneschdeg zu Baku. Och hie kuckt genee wéi d’Natasha Lepage gespaant op d'Echangë vun der zweeter Woch.

"Hei komme bal all d'Länner vun der Welt zesummen. Déi hunn aner Visiounen, aner Ziler, wéi déi Länner, déi ënnerginn. An dat heescht, et sinn einfach vill Meenungen, vill Visiounen, déi openeen treffen. Fir do op e gemeinsamen Nenner ze kommen ass haut einfach vu Grond op schwéier. An dowéinst ass et och net einfach ze soen, wat dobäi erauskënnt."

Gëtt d'Jugend eescht geholl?

Als jonk Klimadelegéiert kann d’Natasha Lepage zwar d'Negociatioune verfollegen, mee kann awer keen direkten Input ginn. Et wieren och vill jonk Leit aus anere Länner bei der COP derbäi, mee éischter op de sougenannte Side-Events. D'Natasha Lepage fënnt et schued, datt der Jugend net méi nogelauschtert gëtt. Si begrënnt dat ënner anerem domat, datt Lëtzebuerg éischter als Deel vun der EU deelhëlt. Et géif also eng allgemeng europäesch Stëmm vertruede ginn.

Iwwerdeems géif d’Jugend allgemeng net ganz an d'Gespréicher agebonne ginn.

"Et gëtt oft geschwat, datt et wichteg ass, déi Jonk ze consideréieren, mee mir musse kucken, datt mir och d’Stëmm hunn an Zäit kréien, fir kënnen eis Punkten ervirzehiewen."

Dës Woch sti bei der Weltklimakonferenz méi politesch Negociatiounen um Programm. Den Ëmweltminister Serge Wilmes wäert och vun dëser Woch un un den Diskussiounen deelhuelen. 

Lauschterenplay_arrow