Zënter dem leschte Kongress vun der FLF am Oktober ass den Alex Krüger Member vum Verwaltungsrot. Bis viru véier Joer war hien och selwer nach als Arbitter aktiv. Wann haut um Dënschdeg a muer nees Champions League um Programm steet, da kann hien net aneschters wéi nieft dem Fussball och een Aen op den Arbitrage ze werfen. Fussballmatcher um Fernseh kucke wier wéi eng Zort Formation continue, well et ëmmer intressant ass ze gesinn, wéini eng Kaart gewise gëtt, oder wéini de Videoassistent an den Asaz kënnt, esou den Alex Krüger.
D'Roll vum Véierten Offiziellen
Eppes, wat déi Lëtzebuerger BGL League zënter der Wanterpaus mat der Champions League gemeinsam huet, ass de Véierten Offiziellen. Den Alex Krüger erkläert am 100,7-Interview, datt Lëtzebuerg bis dato dat eenzegt europäescht Land war, wou kee Véierten Offiziellen an der héchster Spillklass zum Asaz koum.
D’Roll vun dësem véierten Arbitter ass divers: Virum Match hëlleft hien oder si bei der Kontroll vum Material, a wärend dem Match këmmert de Véierten Offizielle sech ëm d’Trainerbänk. Mat engem Headset ass de véierten Arbitter mam Rescht vun den Arbitter verbonnen, a ka sou och bei verschiddenen Decisiounen hëllefen.
Zënter der Reprise an der ieweschter Divisioun kommen dann elo och elektronesch Panneauen zum Asaz, op deenen d’Nospillzäit ugewise ginn. Déi gëtt iwweregens vum Véierten Offizielle proposéiert, mee et ass den Haaptarbitter, deen d’Decisioun hellt.
Vill Aschreiwunge fir d'Formatioun
De Grond, firwat et bis viru kuerzem kee véierten Arbitter zu Lëtzebuerg ginn ass, ass de Manktem u Leit. Den Alex Krüger erkläert, datt pro Weekend bis zu 272 Matcher gespillt ginn. De Pool vun de Schiedsrichter:innen ëmfaasst awer just knapp 280 Leit. Enkpäss kënnen also ganz séier entstoen. Sou zum Beispill am August, wann nach vill Leit an der Vakanz sinn. Do gräift d’FLF dann op Arbitteren aus dem Saarland zeréck.
De véierten Arbitter wier awer och eng gutt Geleeënheet, jonk an nei Schiedsrichter:innen un d’Tâche erunzeféieren. A Suergen ëm den Nowuess mécht ee sech bei der FLF och net. Am Géigendeel: Den Alex Krüger zielt am 100,7-Interview, datt sech eng 60 Leit fir d’Arbittercourse vun dësem Joer gemellt hunn, déi am Mäerz ufänken. Soss wieren et der ëmmer just ëm déi 20 gewiescht, esou den Alex Krüger. “Wann och just d’Hallschent dovunner Arbitter ginn, dann ass eis schonn enorm gehollef.”
No engem Mount well ee Match selwer päifen
Ëmmer nees géingen et Leit ginn, déi mat der Formatioun ophalen, well se awer mierken, wéi zäitopwenneg et ass. Wann een awer d’Loscht net verléiert, da kann ee schonn am Abrëll säin éischte Match päifen. Do ass et dann och d’Iddi, fir an Zukunft ufanks an enger Zort Tandem ze päifen. Dat heescht, datt dee jonken Arbitter zesumme mat engem erfuerenen um Terrain steet, fir direkt Feedback an Tipps ze kréien.
Déi meescht Leit, déi sech fir d’Formatioun gemellt hunn, sinn tëschent 14 an 30 Joer al. Och e puer Damme wieren dobäi, wat wichteg ass, betount den Alex Krüger, well och den Dammefussball zu Lëtzebuerg ëmmer wiisst.
Datt sou vill Leit sech gemellt hu léich vläit un der Campagne, déi een direkt bei de Clibb an op de soziale Reseaue gemaach huet, mengt den Alex Krüger. Als Arbitter wier et iwwerdeems méiglech, zimmlech séier eng flott Karriär hinzeleeën, wat als Fussballspiller natierlech méi schwéier ass.
De VAR an der BGL League?
Duerch de véierten Offiziellen ass d’BGL League also ee klengt Stéck méi professionell ginn. Géif et dann elo och Sënn maachen, de Videoschiedsrichter (VAR) anzeféieren?
Den Alex Krüger seet kloer, datt dat zu Lëtzebuerg quasi net machbar ass. Éischtens feelt et un der néideger Infrastruktur. De fréieren Arbitter schätzt, datt de Käschtepunkt bei ronn 5.000 Euro pro Match géing leien. Käschten, déi och d’Veräiner deels missten iwwerhuelen. Do wieren d’Suen dann awer besser op anere Plazen agesat, wéi zum Beispill bei der Jugendaarbecht, esou den Alex Krüger. An Zweetens bréicht een dann nees méi Leit, fir de VAR och ze bedéngen.
Datt op engem Lëtzebuerger Fussballsterrain een Arbitter also eng Kéier déi famous Handbeweegung mécht, déi een Ecran imitéiere soll, ass also éischter onwarscheinlech. Verschidde Fans wäerten doriwwer grad esou frou sinn.