Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Chappell Roan - Good Luck, Babe!

play_arrow Live
search

/ Den OGBL gesäit sech bestätegt - Bemol si vill onofhängeg Delegéiert

Sozialwalen

Den OGBL gesäit sech bestätegt - Bemol si vill onofhängeg Delegéiert

“Mir si bestätegt ginn. D’Sozialwalen an de Betriber si fir eis als OGBL bis elo richteg gutt gelaf.“ Dee Fazit huet d’Nora Back den Dënschdeg den Owend kuerz virun Hallefnuecht gezunn, wéi d’Resultater aus de groussen Entreprisen uechtert d’Land nach net virlouchen.

auto_stories

2 min

OGBL Sozialwalen 2024 | © Eric Ewald
Zefridde Gewerkschaftler zu Esch. (Foto: Eric Ewald)

Et wier relativ fréi um Walowend kloer gewiescht, datt een a ganz ville Secteuren eleng wier, an du wieren nach Betriber bäikomm, an deenen ee bis dohin net present an dunn op eemol majoritär war. An dofir war d’Stëmmung beim OGBL zu Esch och déi ganz Zäit iwwer gutt.

Vu moderatem Applaus, bis hin zu richtegen Eruptiounen huet de Geräischpeegel vum fréie bis de ganz spéiden Owend jee no Resultat variéiert. An d’Gewerkschaftspresidentin huet hir Freed kuerz virun Hallefnuecht net verstoppe kënnen. Am Sozialsecteur wier den OGBL quasi eleng, dat hätt et nach ni ginn, do hätt een eng "Percée“ gemaach.

"De Kultursecteur ass just nach OGBL. D’Recherche, den Enseignement supérieur: just OGBL, 100 Prozent OGBL. Dat si grouss Secteuren.“

Am Bausecteur hätt ee bei der Socom direkt am gréissten Handwierksbetrib mat 13 vun 13 Sëtz ofgeraumt, a well et och an anere Beräicher net schlecht gelaf wier, kéint een als Onofhängege Gewerkschaftsbond flächendeckend zefridde sinn. D’Beispill Liberty Steel huet d’Nora Back awer besonnesch ervirgehuewen, well den OGBL do seng Wéi huet an dee Secteur laang an der Hand vum LCGB gewiescht wier.

Gréisst Konkurrenz: Onofhängeg Delegéiert

E klenge Bemol géifen d’Schwieregkeeten am Transportsecteur duerstellen, an da gëtt et nach eng aner Suerg. Et si bei dëse Sozialwalen nämlech och vill Delegéiert gewielt ginn, déi net Member vun enger Gewerkschaft sinn.

“An dat hu mir vun Ufank u gesot: Eis gréisst Konkurrenz ass net en LCGB oder eng ALEBA, eis gréisst Konkurrenz sinn déi sëllegen a sëllege Personaldelegéiert, déi ouni Gewerkschaft sech opsetzen a wou oft einfach an engem Betrib gesot gëtt: ‚Du an du an du, du bass elo, ab muer, Delegéierten! Bass De d’accord? Ënnerschreif hei!‘”

Do misst een dru schaffen, an dat wier e groussen Challenge, esou eng gréisstendeels zefridde Presidentin vum OGBL.

Lauschterenplay_arrow