arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Tadej Pogacar ass op der 8. Etapp vum Tour duerch Spuenie gefall a misst opginn

Vëlo

|
reading time

1 min

Den Tadej Pogacar ass op der 8. Etapp vum Tour duerch Spuenie gefall a misst opginn

Bei der Chute huet de 27 Joer ale Favoritt sech d'Schlësselbeen an een Halswirbel gebrach. Domat ass d'Saison vum véierfachen Tour de France-Gewënner warscheinlech eriwwer.

reading time

1 min

© EPA/Javier Lizon
(Foto: EPA/Javier Lizon)

D'Bréch mussen aller Warscheinlechkeet no operéiert ginn. Dat géif elo awer nach net goen, well den Tadej Pogacar och eng Gehirnerschütterung huet duerch déi hien zevill geschwächt ass fir eng Operatioun, esou dem Cyclist seng Ekipp. 

Knapp 32 Kilometer virun der Arrivée ass de Favoritt aus bis ewell net erklärte Grënn kappiwwer iwwer säi Lenkrad gefall. Et kéint sinn, datt hie probéiert huet laanscht ee klenge Steen ze kommen an doböi an d'Schleidere koum. Bei der Chute huet hien och zwee aner Cycliste mat erofgerappt. 

De 27 Joer ale cyclist war um beschte Wee fir déi éischte Kéier a senger Karriär d'Vuelta ze gewannen.