Am Mäerz schonn hat dat iewescht Geriicht déi Expulsioune wollte stoppen, mee d’Administratioun Trump hat hir Pläng awer duerchgezunn. De Freideg den Owend hunn Affekoten déi am Beräich Mënscherechter spezialiséiert sinn, een urgente Recours agereecht, fir eng weider Ausweisung ze verhënneren. D’iewescht Geriicht huet mat där Suspendéierung dem Donald Trump ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach.
Dat Gesetz aus dem 18. Joerhonnert op dat sech den US-President baséiert, ass geduecht fir wärend engem Krich auslännesch Feinde kënnen z’expulséieren, ënnert anerem war dat am Zweete Weltkrich de Fall fir Japaner an Däitscher déi um amerikaneschen Territoire onerwënscht waren.
Geriichter mussen elo en Urteel spriechen
Elo ass mat där Decisioun dat Gesetz z’applizéieren ee weidere Sträit tëscht dem Donald Trump an der Justiz entfacht. An deem heite Fall geet et em venezuelanesch Bierger, déi mam Virwand Member vun enger krimineller Band Tren de Aragua ze sinn, festgeholl goufe fir se an ee Sécherheetsprisong am El Salvador auszeweisen.
D’Affekote vun deene Migranten déi am Mäerz schonn expulséiert goufen, hu betount, datt hir Clienten net Member vum Tren de Aragua sinn a si hätte sech och an den USA näischt virzewerfen an hätte kee Verbrieche gemaach. Si wiere virun Allem wéinst hiren Tattooe viséiert ginn.
Dat iewescht Geriicht huet an hirer Decisioun haut dekretéiert, datt keng Persounen aus där Kategorie vun Inhaftéierten dierfen ausgewise ginn, bis datt d’Geriicht een Urteel gesprach huet.
Wäisst Haus léist et op Konfrontatioun ukommen
Den Donald Trump hat de Kampf géint d’Migratioun an de Mëttelpunkt gesat, an huet Wëlles Milliounen Auslänner auszeweisen.
Well d’Trump-Administratioun d’Decisioun vun de Riichter am Mäerz net respektéiert hat, huet e Mëttwoch d’Geriicht zu Washington erkläert, datt d’Trump-Administratioun säi Verbuet vun Ausweisungen “bewosst ignoréiert” huet, wat als Veruechtung vum Geriicht kéint bezeechent ginn.
Zwar hat een anere Riichter dekretéiert, datt eng Ausweisung kéint ordonéiert ginn, mee déi betraffe Migrante missten awer kënne géint déi Decisioun ee Recours areechen. Wat dunn net respektéiert gi war.
Sollt d’Geriichtsdecisioun vun der Trumpadministratioun nees ignoréiert ginn, da kéint et zu enger Uklo kommen. D’Wäisst Haus huet Wëlles géint déi Decisioun juristesch virzegoen.