De POST-Generaldirekter Claude Strasser an den Direkter vu Post Technologies Gaston Bohnenberger hunn um Freideg zesumme mam Minister Lex Delles (DP) de leschten analoge Kommunikatiounssystem symbolesch ausser Betrib geholl.
Méi Internet-Capacitéit
Fir d’Stéit géif sech duerch de komplette Wiessel op Internettechnologie näischt änneren, huet de Gaston Bohnenberger erkläert. Jidderee kéint säi fixen Telefon wéi gewinnt benotzen.
De grousse Virdeel wier, datt de Reseau mat neien Technologië méi Internet-Capacitéit hätt:
“Déi Bandbreet, déi mer iwwer de Koffer erauskritt hunn, déi ass einfach limitéiert, a bei 100 Megabit war dat einfach eriwwer. A mir hu Clienten, déi weesentlech méi wëllen. D'Glastechnologie erlaabt vill méi. Déi meeschte Clienten huelen haut 500 Megabit. Mir hunn ëmmer méi Clienten, déi ee Gigabit huelen, an haut bidde mer bis zéng Gigabit op der Glasfaser un.”
Mat méi Megabit huet een e méi séieren Internet, dat heescht et kann een zum Beispill Filmer méi séier eroflueden.
Glasfaserleitunge gi weider ausgebaut
Zu Lëtzebuerg sinn iwwer 90 Prozent vun de Stéit iwwer Glasfaserleitung un de Kommunikatiounsreseau ugebonnen.
De Rescht huet nach Kofferleitungen, déi no a no duerch Glasfaser sollen ersat ginn.