De gréngen Deputéierte Meris Sehovic huet a senger parlamentarescher Fro d‘Kommunikatioun a Punkto Loftqualitéit an d‘Kommunikatioun vun den Autoritéiten iwwert LU-Alert a Fro gestallt, also datt d‘LU-Alert-SMS Sonndes Owes erausgaangen ass.
3 temporär Miessstatioune fir den Norden
De Premier widderhëlt, datt d‘Kommunikatioun sech op déi Informatioune baséiert hätt, déi zum jeeweilege Moment disponibel waren. Wat de Bëschbrand ugeet, schwätzt hie vun engem "punktuellen an net-virauszegesinnen Evenement" wouduerch d‘Konzentratiounen "just fir e puer Stonnen exzeptionell" héich war.
An der Suite vum Bëschbrand sinn dräi temporär Miessstatiounen am Norden installéiert ginn. Et kéint och eng fix Statioun am Norde bäikommen, wann eng passend Plaz géif fonnt ginn, esou nach de Luc Frieden.