Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Foxygen - Follow The Leader

play_arrow Live
search

/ Den neien Interimsdirekter vum Science Center vun Déifferdeng huet haut ugefaange mat schaffen

Educatioun

Den neien Interimsdirekter vum Science Center vun Déifferdeng huet haut ugefaange mat schaffen

De Verwaltungsrot vum Wëssenschaftszenter hat sech virum Weekend vu sengem Direkter Nicolas Didier getrennt, a mam Philippe Dispas en Interimsdirekter agesat.

auto_stories

1 min

Science Center | © Wikimedia Commons
Foto: Wikimedia Commons

Et wier net ausgeschloss, datt de Philippe Dispas nom Interim och fest als Direkter agestallt gëtt, esou de Moien hei op der Antenn de Camille Feyder, President vum Science Center.

"De Poste gëtt ausgeschriwwen. An dat konnte mer natierlech an där ganz kuerzer Zäit net maachen. Mir hunn eng direkt Léisung gebraucht, an eng fantastesch gutt Léisung fonnt mam Här Dispers."

Den Direkter vu bis elo, den Nicolas Didier, hat vum Educatiounsministère en Interessekonflikt virgeheit kritt, well hie President vum Verwaltungsrot war, Direkter an och Proprietaire vun der Firma GGM11, déi enk mam Science Center vun Déifferdéng zesumme geschafft huet. Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) hat déi weider staatlech Co-Finanzéierung vun Ännerungen an der Gouvernance ofhängeg gemaach.