arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den zukünftegen Premier Péter Magyar kämpft zu Bréissel fir ungaresch EU-Suen

Bréissel

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Den zukünftegen Premier Péter Magyar kämpft zu Bréissel fir ungaresch EU-Suen

Wéi séier kann déi nei ungaresch Regierung vun de ronn 16 Milliarden Euro agefrueren EU-Fonge profitéieren? De Péter Magyar hat zu Bréissel doriwwer éischt héichrangeg Gespréicher. De 25. Mee soll hien als ungaresche Premier zeréckkommen an ee politeschen Accord ofschléissen.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Péter Magyar zu Bréissel | © EPA/JOHN THYS / POOL
Péter Magyar zu Bréissel (Foto: EPA/JOHN THYS / POOL)

De Péter Magyar, de frësch gewielten zukünftegen ungaresche Premierminister, gouf e Mëttwoch zu Bréissel esouwuel vun der Presidentin vun der Europäescher Kommissioun wéi och vum Conseilspresident Antonio Costa empfaangen. Vill war duerno net iwwer déi Entrevuë gewuer ze ginn.

Béid Säiten hu vu “konstruktive” Gespréicher geschwat. Et wier ofgemaach ginn, datt hien nom 25. Mee als ungaresche Premier zeréck op Bréissel kéim, fir ee politeschen Accord ofzeschléissen, esou gëschter Owend de Péter Magyar op der Plattform X.

Esou fréi wéi méiglech mat de Verhandlungen ufänken

An der Kommissioun goufen et scho virun där Visitt informell Gespréicher mam Chef vun der ungarescher Tisza-Partei, déi den 12. Abrëll mat enger Zweedrëttelmajoritéit den Orbán-Regimm op en Enn bruecht huet. Dat hat ufanks der Woch ee vun hire Spriecher confirméiert.

D’Kommissioun hätt hei eng ganz einfach Approche, esou den Olof Gill.

"Mir wëllen esou fréi wéi méiglech mat de Verhandlunge mat der zukünfteger Regierung ufänken, fir ze garantéieren, datt esou séier wéi méiglech alles ënnerholl gëtt, fir datt d’Leit an Ungarn, fir déi déi Sue geduecht sinn, dovu fréist méiglech profitéieren." 

Am Europaparlament huet dës Woch de Chef vun der Europäescher Vollekspartei, där och den ungaresche Walgewënner ugehéiert, op de Gas gedréckt.

Artikel-7-Prozedur ass ëmstridden 

D’Parlament sollt déi néideg Schrëtt ënnerhuelen, fir d’Artikel-7-Prozedur ze stoppen, esou de Manfred Weber. Si gouf vum Parlament lancéiert, well déi ungaresch Regierung géint EU-Valeure verstouss huet.

D’Parlament hätt elo eng wichteg Roll ze spillen, Brécke fir d’Vertrauen tëschent Bréissel a Budapest ze bauen.

"Dat heescht fir mech, d’Artikel-7-Prozedur ze stoppen. D’Parlament huet se lancéiert an elo ass de Moment se ze stoppen." 

D’Artikel-7-Prozedur gëtt och déi nuklear Optioun an der EU genannt, souzesoen déi lescht Méiglechkeet, anzegräifen. Si ka ganz um Enn engem Land d’Stëmmrecht an der EU ofhuelen. Si leeft zënter 2018 géint Ungarn an ass awer ni esou richteg vun deenen anere Memberlänner virugedriwwe ginn. Dat huet d’Parlament dacks kritiséiert.

Erwaardungen un déi nei ungaresch Regierung si grouss 

An och elo wëllt net jidderee séier no vir goen. De Péter Magyar hätt konstruktiv Signaler gesënnt an hie kéint mat senger Zweedrëttelmajoritéit och déi néideg Reformen an d’Weeër leeden, stellt d’Cheffin vun de Liberalen am Europaparlament Valérie Hayer fest.

"Wann déi nei Regierung déi néideg legal Prozesser a sengem Plang fir d’Reforme presentéiere kann an all d’Krittären erfëllt sinn, kënnen d’Fonge fräigeschalt ginn."

Och déi Gréng pochen op d’Reegelen, déi mussen agehale ginn. Dee Prozess wier kee politescht Instrument, mee een, deen no rechtsstaatleche Krittären applizéiert gi muss, esou de Bas Eickhout, Co-Spriecher vun der Fraktioun vun deene Gréngen am Europaparlament. Ëmmerhi wier jo elo déi nei Regierung nach guer net a Kraaft.

Dem Walgewënner einfach esou ee Blankoscheck ginn, wier net korrekt. Dat wier och net dat, wat déi ungaresch Wieler:innen erwaarden.

De Manfred Weber gesäit dat genee ëmgedréit. Et géife grouss Erwaardungen un déi nei Regierung, esou den EVP-Chef. 

"Dofir ass mäi Message: Hëlleft hinnen. Dat ass dat, wat mir maache musse, net kritiséieren iwwer Detailer diskutéieren - Europa muss de Frënd si vun där ungarescher Regierung, déi liwwere muss. Dowéinst brauch si virun allem ee Kredit fir d’Vertrauen." 

Am Fall vu Polen hat d’EU-Kommissioun agefrueren europäesch Sue fräigeschalt, éier d’Reformen do waren. Se gouf dofir kritiséiert. Och well Verschiddener dovu bis haut nach net ëmgesat sinn.

play_arrow Lauschteren