No der éischter Befreiung am Zweete Weltkrich gouf den obligatoresche Militärdéngscht zu Lëtzebuerg ageféiert, 1967 erëm ofgeschaaft. Elo, bal 60 Joer duerno, an Zäite wou militäresch a politesch Konflikter an der Welt nees wuessen, réckelt d'Fro nom obligatoresche Militärdéngscht och zu Lëtzebuerg erëm an de Mëttelpunkt.
Obschonn d'Regierung sech am Moment géint eng Nei-Aféierung ausschwätzt, schéngt ee Bléck zeréck op dës Episod vun der lëtzebuergescher Militärgeschicht sënnvoll ze sinn. Wéi koum den obligatoresche Militärdéngscht deemools zustanen? Wéi huet dësen ausgesinn? A firwat gouf e schlussendlech ofgeschaaft?
D'Archive vum radio 100,7 bidden Äntwerten op dës Froen a loosse Mënschen zu Wuert kommen, déi dësen Déngscht matgemaach an d'Diskussioune ronderëm erlieft hunn.
Grënn, Datumer a Strukturen
Mir schrauwen d'Joreszuelen zeréck: Den obligatoresche Militärdéngscht gouf nach virum Ufank vun der Ardennenoffensiv per Arrêté grand-ducal am November 1944 ageféiert. Vum Joergang 1925 u sollt all Lëtzebuerger Mann dësen duerchlafe, woubäi d'Déngschtzäit am Ufank op ee Joer mat engem "suivi de rappels d’entraînements” vun 1 bis 3 Méint ugesat gouf. Mat der Zäit huet dës Déngschtzäit variéiert. Vun engem optionalen Zivildéngscht, wéi e spéider an Däitschland ageféiert gouf, goung net rieds.

Ee méi déiwen Abléck zu de Grënn, Strukturen an Datumer ronderëm de Militärdéngscht bitt dee scho verstuerwenen Historiker an EU-Deputéierte Paul Cerf (1929-2003) um Mikro vum Roger Seimetz:
Tëschent ufanks Euphorie a séierer Enttäuschung
Trotz ufanks enger grousser Begeeschterung fir déi nei Arméi, koum no kuerzer Zäit Kritik un der Moossnam. Dës huet sech virun allem op d'Finanzéierung konzentréiert. Kritesch Stëmmen hunn am Laf vun de follgende Joerzéngten nëmmen nach zougeholl, woubäi d'Positioune vun de Parteie mol méi, mol manner changéiert hunn:
Den Déngscht hat och kee gudde Stand an der Bevëlkerung, besonnesch bei der Jugend a bei de Jugendparteien:
"Mir hu jo absolut keng Militärtraditioun (...). Eis Jugend huet sech ganz schwéier där Disziplin gefüügt, an dat war och ganz oft eng stuer Disziplin. Mir sinn ee Vollek, wat net un Disziplin gewinnt ass. Wann zwee Lëtzebuerger do sinn, dann hu se zwou verschidde Meenungen."

Dohier haten och vill vun deene jonke Rekrutten éischter eng ambivalent Astellung zu hirer Zäit am Militärdéngscht. De Paul Cerf mat senger Meenung zum Déngscht a sengen eegenen Erfarungen:
"Ech sinn eemol schéisse gaangen. Domat wier ech net wäit gelaf géint de Feind aus dem Osten, wann e jee lassgeschloen hätt. Mir hunn absolut näischt geléiert.“ -Paul Cerf
Och de Schrëftsteller a Rëmelenger Lokalpolitiker Cornel Meder (1938-2018) huet mat gewëssenem Witz op seng Zäit am Militärdéngscht zeréckgekuckt, besonnesch op seng Musterung:

"Solle mir dann net d’Arméi ofschafen?"
Paradoxerweis war et dunn d'CSV, déi de Steen zur Ofschafung vum obligatoresche Militärdéngscht an d'Rulle bruecht huet. Den deemools jonken Deputéierte Jean Spautz huet sech wärend de Budgetsdebatten am Joer 1966 am Numm vu senger Partei kloer géint eng Weiderféierung ausgeschwat. Hei erënnert hie sech an engem Interview mam Carlo Link un dës Zäit:
D'Onbeléiftheet vum Militärdéngscht an zugläich d'Freed iwwer d'Ofschafung vun dësem huet sech och an der lëtzebuergescher Musekskultur manifestéiert. Esou beispillsweis am Lidd "Et ass eriwwer" vum Pir Kremer a Jean-Pierre Kemmer aus dem Joer 1967, hei gesonge vum Aly Bintz:
Eng Rees duerch de Radioarchiv vum 100,7! All Mount presentéiere mir Dossieren zu Momenter, déi Lëtzebuerg gesellschaftlech, kulturell a politesch gepräägt hunn. Alles mat der Hëllef vu kuratéierten Opnamen aus den Archive vum radio 100,7.