arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Digitales kann de Schüler dobäi hëllefen, méi ze liesen"

PISA

|
reading time

3 min

"Digitales kann de Schüler dobäi hëllefen, méi ze liesen"

Et wier een iwwer d’Resultater vun der Pisa-Etüd am éischte Moment schockéiert gewiescht, seet de Luca Roettgers, President vun der Conférence Nationale des Élèves, CNEL, am 100,7-Interview. Den Handy wier iwwerdeems net d'Iwwel fir alles wat an de Schoule géif schiflafen.

reading time

3 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

No der Annonce vum DP-Bildungsminister Claude Meisch, d’Reegele fir d’Handynotzung an de Schoulen nach eemol ze verschäerfen, seet de Luca Roettgers awer, et sollt ee sech net nëmmen op den Handy fixéieren, deen hei dacks als "Miesetäter" géif duergestallt ginn. 

Am Zesummenhang mat de schlechte Resultater bei der Lieskompetenz weist hien drop hin, datt déi Bicher, déi an de Schoulen um Programm stinn, dacks curriculumsgebonnen wieren – vläit wiere se wichteg, mee se géifen d’Kanner awer net onbedéngt interesséieren. 

Handy kéint Schüler:innen och dozou brénge méi ze liesen

Datt sech den Handy negativ op d’Konzentratioun kéint auswierken, mengt zwar och d’CNEL, mee et kéint awer och e Moyen si fir d’Schüler:innen ze motivéieren, nees méi ze liesen, seet de Luca Roettgers.

"Och wann den Handy fir eis net d'Haaptschold huet, soe mir net, dass den Handy kee Faktor spillt. Et ass definitiv, wann ee kuckt - TikTok, Instagram, ëmmer méi kuerz Videoen, ëmmer méi Informatiounen a méi kuerzer Zäit - et gëtt een esou vill stimuléiert, datt een déi Opmierksamkeet eigentlech verléiert. An trotzdeem denken ech mir awer, datt esou Initiative wéi Booktalk op TikTok vill Jonke kënnen hëllefen, fir erëm méi un d'Liesen ze kommen, méi Bicher ze fannen."

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Luca Roettgens

Misst ee säi Genre fannen

Och d’Charlotte Reuter vum Veräin "Freed um Liese" fënnt, datt een de Schüler:innen erëm Loscht op Liese muss maachen, an och si mengt, datt déi digital Medie mat Lies-Apps do duerchaus eppes beweege kënnen.

"Wat do wierklech wichteg ass, ass datt een eigentlech eppes erausfënnt, esou eng intrinsesch Motivatioun sech entwéckelt an dat huet vill domadder ze dinn, datt ee sech als Lieser selwer identifizéiert. Ech sinn déi Persoun, déi zum Beispill Horrorgeschichte lauschtert. Do muss ee schonn ee Bezuch vu sech selwer zu deem Geliesene fannen. An dat ass, fannen ech, déi beschte Motivatioun."

Et kéint ee sech awer och enger Gemeinschaft uschléisse fir méi un d'Liesen ze kommen, esou nach d'Charlotte Reuter. Och si verweist dobäi op e Phenomeen wéi Booktalk, wéi de Luca Roettgens.

Lauschtert hei de ganzen Interview mat der Charlotte Reuter