Radioen

On air

Notturno  |  Circle City Band - Magic

play_arrow Live
search

/ Diplomatesch Kris tëschent Algerien a Frankräich spëtzt sech nees zou

Macron weist 12 algeresch Diplomaten aus

Diplomatesch Kris tëschent Algerien a Frankräich spëtzt sech nees zou

Déi diplomatesch Kris tëschent Algerien a senger fréierer Kolonialmuecht Frankräich huet sech nees zougespëtzt. Nëmmen zwou Wochen nodeems eng Verbesserung vun de Relatiounen annoncéiert gi war, huet den Emmanuel Macron decidéiert, 12 algeeresch Diplomaten aus Frankräich auszeweisen. 

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Dëst ass geschitt nodeems Algerien och 12 franséisch Agenten ausgewisen hat. De franséische President huet och säin Ambassadeur zu Alger fir Consultatiounen zeréckgeruff.

Hannergrond vun där neier diplomatescher Eskalatioun ass d'Verhaftung, d'lescht Woch, vun engem algeereschen Diplomat a Frankräich. Dorop huet Algerie mat der Expulsioun vun 12 franséische Fonctionnairen aus dem Inneministère reagéiert. Si hate leschte Sonndeg 48 Stonnen Zäit kritt fir Algerien ze verloossen.