Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Statut spécifique fir Dokteren an Dokteschen an der Ausbildung fir eng Spezialisatioun

Accord fir sougenannt MEVS

Statut spécifique fir Dokteren an Dokteschen an der Ausbildung fir eng Spezialisatioun

D‘Dokteren an Dokteschen, déi an der Ausbildung fir eng Spezialisatioun sinn (MEVS) an hei am Land ee Stage maachen, sollen ee spezifesche Statut kréien. Doriwwer si sech déi zoustänneg Ministèren, d‘Associatioun vun den Dokteren en voie de spécialisation (ALMEVS) an den OGBL eens ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Rolf Vennenbernd
(Foto: picture alliance/dpa | Rolf Vennenbernd)

Dëse legale Kader soll zousätzlech Garantien nieft dem code du travail fir déi Betraffe schafen, heescht et am Schreiwes. An duerch eng Convention-type fir all d‘praktesch Stagë sollen et eenheetlech Aarbechtskonditioune ginn, heescht et weider. 

Am Hierscht zejoert hat déi viregt Presidentin vun der ALMEVS am 100,7-Interview kritiséiert, datt vill Dokteren an Dokteschen, déi an der Ausbildung fir eng Spezialisatioun sinn, iwwerschafft an net genuch bezuelt wieren.