Kuerz virdrun ass et op Kuba op en Neits zu engem gréissere Stroumausfall komm. D‘Energieversuergung wier komplett ënnerbrach an et géif een no Léisunge sichen, heescht et vum zoustännegen Energieministère.
Zënter Méint kritt de Karibikstaat kee Pëtrol méi aus den USA geliwwert, dee fir d‘Stroumversuergung gebraucht gëtt, well den Donald Trump hei ee Blockage ordonéiert hat.