arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump: héije Pëtrolspräis ass gutt fir d’USA

Krich am Noen Osten

|
headphones

1 min

Donald Trump: héije Pëtrolspräis ass gutt fir d’USA

Déi däitlech méi héich Pëtrolspräisser sinn dem US-President no positiv fir Amerika.

headphones

1 min

Den US-President Donald Trump | © EPA/YURI GRIPAS / POOL
Den US-President Donald Trump (Foto: EPA/YURI GRIPAS / POOL)

Déi Vereenegt Staate wieren dee mat Ofstand gréissten Uelech-Produzent op der Welt. Wann d’Präisser klammen, da géifen d’USA méi Sue verdéngen, huet den Donald Trump matgedeelt.

Wéinst de méi héije Präisser steet d’US-Regierung ënner Drock. A sengem Walkampf haten Trump versprach, d’Energiepräisser an den USA däitlech ze reduzéieren.

Wéinst dem Krich am Noen Oste waren d’Bensinnspräisser an den USA awer op deen héchsten Niveau zënter dem Summer 2024 geklommen.