A sengem Post huet den US-President nach präziséiert, datt d‘USA net déi Haaptresponsabel wieren, fir d‘Strooss vun Hormus ze schützen. Dat missten déi Länner maachen, déi d'Strooss och notzen.
NATO-Membere wiere Feiglingen
Op Truth Social huet den Trump an deem Kontext och seng Alliéierte vun der NATO Feiglinge genannt. Ouni d‘USA wier d‘NATO just en Tiger ouni Zänn. Hien huet sech op en neits beschwéiert, datt kee wéilt hëllefen, fir d‘Strooss vun Hormus erëm opzemaachen.