Iwwerdems wier den Ament eng "Verschwörung" géint KI amgaangen an deen eenzegen, dee sech doriwwer freeë géif, wier China.
Kënschtlech Intelligenz suergt ëmmer méi fir Onrou
De Weekend haten op en Neits Warnunge vu KI-Tech-Bossen an den USA fir Opreegung gesuergt. Notamment de Chef vun Anthropic hat verlaangt, datt d‘Entwécklung vu KI soll gebremst ginn. Och säi Rival vun OpenAI, dem Entwéckler vun ChatGPT, ass där Meenung.
D‘Aussoe kommen nodeems et zu e puer beonrouegende Virfäll koum, wou KI-Software eegestänneg gehandelt huet. Rezent hat eng Test-Software vun OpenAI ouni Optrag de System vun enger anerer Computerplattform ugegraff.