arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Douane saiséiert 122.000 Zigaretten um Findel, déi illegal an d'EU agefouert goufen

Enn August

|
reading time

1 min

Douane saiséiert 122.000 Zigaretten um Findel, déi illegal an d'EU agefouert goufen

Um Flughafen um Findel gouf et eng gréisser Saisie vun der Douane. Den 28. August scho goufen dräi Passagéier kontrolléiert, déi vu Warschau koumen. Déi dräi Persounen aus Armenien a Bulgarien hate sechs Valissen voller Zigaretten dobäi. 

reading time

1 min

© Administration des douanes et accises
(Foto: Administration des douanes et accises)

Am Ganze goufen iwwer 122.000 Zigarette konfiszéiert. D‘Schmuggler wollten am Transit iwwer Warschau verstoppen, datt se aus den Drëttstaaten Tierkei an Armenien an d‘EU agereest waren