Den Dr. Paul Hédo ass de President vun der Associatioun vun Psychiateren, Kanner-Psychiateren a Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg, der SLPPP.
Psychiatrie fir Leit mat Krankheeten
Am 100,7-Interview constatéiert den Dr. Paul Hédo, datt Virfäll vu Gewalt dacks direkt a Verbindung bruecht gi mat Psychiatrie. Deem misst ee widderspriechen.
"Déi meescht Leit, déi eng psychiatresch Krankheet hunn, déi sinn éischter Affer vu Gewalt, wéi datt se Gewalt ausüben."
A verschiddene, sielene Fällt kéint et virkommen, datt et ëmgedréint wier, erkläert den Dr. Paul Hédo.
Zënter Joren hätt een ee manifeste Manktem u Kanner- a Jugendpsychiatresche Strukturen, an notamment ambulant, dezentral Strukturen. Nieft de Strukturen géif et zu Lëtzebuerg och u Psychiateren a Pedo-Psychiatere feelen. Dee Constat huet ënner anerem den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, de Charel Schmit am 100,7-Interview gemaach. Och hien huet d'Placement vun deem 14-Järege staark kritiséiert.
Do gëtt et eng Hoffnung, datt déi geplangt Spezialisatiounen, déi een an Zukunft op der Uni Lëtzebuerg an deene Beräicher soll kënne maachen, hëllefen, dee Manktem ze behiewen.
Bei ambulante Strukturen gëtt et kee Fortschrëtt
Et géif tëschent all de concernéierten Acteuren ee breede Konsens ginn, datt d’Kanner- a Jugendpsychiatrien onbedéngt missten ausgebaut ginn, seet den Dr. Paul Hédo.
"Dat ass awer ee Konsens, dee gëtt et scho ganz laang. Schonn 2010, wéi en Audit gemaach ginn ass, ass dat scho gesot ginn. An et ass awer nach ëmmer net gemaach. De Plan national santé mentale, do steet dat och nach eng Kéier dran. Et steet am Regierungsprogramm."
Grad bei den ambulante Strukture géif et awer kee Fortschrëtt ginn. An...
"Strukturéiert Unité de crises an de Spideeler, steet och am Regierungsprogramm, ass awer absolutt kee Fortschrëtt. An dat heescht do ass d'Regierung awer an der Verantwortung."
Wie gehéiert iwwerhaapt an eng Psychiatrie?
Och wann ee sech beim Manktem u Strukturen tëschent all de concernéierten Acteuren eens wier, géifen et Divergenze ginn. Beispillsweis wéi eng Fäll an eng Psychiatrie gehéieren. Déi Diskussiounen hätt een awer och bei de Psychiatrie fir Erwuessener, erkläert den Dr. Paul Hédo.
"D'Police bréngt an d'Urgence ëmmer méi Leit fir eng psychiatesch Evaluatioun, wou mir dovun ausginn, déi gehéieren net an d'Psychiatrie. Dat si Leit, déi maachen zwar Saachen, déi een net soll maachen, déi och eventuell geféierlech sinn, Drogen oder esou, mee do ass awer d'Justiz oder d'Police zoustänneg."
An der Gesellschaft géif dacks ugeholl ginn, datt d'Psychiatrie zoustänneg wier fir d'Gestioun vu Gewalt am Generellen.
"An dofir ass d'Psychiatrie net zoustänneg. D'Psychiatrie ass zoustänneg fir Leit, déi psychiatesch Krankheeten hunn. Fir déi ze behandelen, ze betreien, och déi, déi an deem Ramen eventuell kënne geféierlech sinn. Mee net fir Leit, déi delinquent Verhalen hunn oder antisoziaalt Verhalen, weeder Erwuessener nach Mannerjäreger. "
Do géif et sécherlech nach Klärungsbedarf ginn, esou den Dr. Paul Hédo, President vun der SLPPP.